Shinrin yoku - "Waldbaden" mat engem Bëschguide

Shinrin yoku seet engem op den éischte Bléck vläicht näischt. Mam Numm Waldbaden kann een do schonn éischter eppes ufänken.
A genee dat proposéiere mir Iech an eisem Summer-Agenda vun e Méindeg.
Hei geet et u sech drëms, e Spadséiergang an der Natur ganz bewosst ze erliewen. Dëst kann engem hëllefen, de Stress an d'Suerge mol fir ee Moment ze vergiessen, méi entspaant ze ginn an e klore Kapp ze kréien. Et ass also quasi de Géigendeel vun engem Trail. D'Karen Decker, Bëschguide a Waldbademeister:
"De Prinzip dovunner eis einfach lass loossen an entschleunegen. Dat heescht, mir gi ganz lues a mir kucken eis eigentlech de Bësch e bëssi méi genau un an huelen eis Zäit. An dat ass eppes, wat d'Leit hautzedaags meeschtens net méi maachen an dofir bidden ech dat dann och iwwert verschidden Exercicer un, déi automatesch maachen, dass ee muss méi lues goen."
Waldbaden soll dann och gutt géint Depressioun a Roserei hëllefen, d'Qualitéit vun eisem Schlof verbesseren, fir e besseren Immunsystem suergen an eis Energiereserven an d'Luucht dreiwen. Also nëmme Virdeeler an definitiv Grond genuch dat mol eng Kéier auszeprobéieren.
Zesumme mam regionalen Tourismusverband Guttland bitt d'Karen Decker den 12. August an den 9. September jeeweils vun 10 bis 12 Auer esou eng Sessioun un. Dës Aktivitéit adresséiert sech dann och u jiddereen - oder bal:
"Also fir ganz kleng Kanner ass et e bëssi méi komplizéiert, mee vun Teenager bis an den héijen Alter. Ech ka jiddereen do mathuelen."
Weider Informatiounen zum Thema fannt Dir um Site beschcoaching.lu an umelle kënnt Dir Iech fir dës Aktivitéit um Site vu Visit Guttland.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Fliedermais am Ellergronn
Den Tipp vun en Dënschdeg:Kloteren a schlofen an de Beem
Den Tipp vun e Mëttwoch:After-Work mat de Mille Giedelen
Den Tipp vun en Donneschdeg:3. Phas vun der Expo "Voie 15" an de Rotonden
Den Tipp vun e Freideg:Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer
Den Tipp vun e Samschdeg:D'Schlassfest zu Aansebuerg
Den Tipp vun e Sonndeg:D'Kofferminn zu Stolzebuerg