Lescht Joer goung de Präis un d'Berthe Lutgen, dat genee wéi de Marc Henri Reckinger an de 60er fir de Renouveau vum artistesche Liewen am Land stoung.

Mam Marc Henri Reckinger kritt en Artist de Lëtzebuerger Konschtpräis, dee sech duerch säi Liewen, seng Wierker a säi kënschtlerescht Schafen dem sozialen Engagement verschriwwen huet. Sou heescht et an der Begrënnung vum Jury vun dësem Konschtpräis, deen eréischt fir déi zweet Kéier dediéiert gëtt.

De Marc Henri Reckinger huet der abstrakter Molerei ganz séier de Réck gedréint, fir Mat-Grënner vun der "Konsdrëffer Scheier" an der "Initiative 69" ze ginn. All d'Wierker vum Reckinger drécke kloer de Protest géint d'Repercussioune vum Kapitalismus an hir national an international Vertrieder aus.

Och an der Politik hat hie sech engagéiert an 1970 d'"Revolutionär kommunistesch Liga" matgegrënnt. De gebiertegen Ettelbrécker Kënschtler (Joergang 1940) geheit och nach haut e lucide Bléck op d'Politik, mä och op d'artistescht Liewen am Land. Geschafft huet hien als Konschtprofesser am Diddelenger Lycée Nic Biever.

De Konschtpräis ass mat 10.000 Euro dotéiert a gëtt d'nächst Joer am Oktober iwwerreecht.