D'Veda Bartringer ass eng jonk Musekerin vun 28 Joer, déi Gesank, klassesch Gittar a Piano studéiert huet, ier se um Conservatoire royal zu Bréissel e Master an Jazz Gittar gepackt huet.

D'Veda huet elo zu Ettelbréck am CAPE hiren neien Album Deep Space Adventure virgestallt. "Veda Bartringer 4tet" ass déi Ekipp, déi deen neien Album spillt, an dem Veda hëlleft säi Sound ënnert d'Leit ze bréngen. Mat derbäi sinn de belsche Saxophonist Julien Cuvelier, de belsche Batteur Maxime Magotteaux an de Lëtzebuerger Bassist Boris Schmidt. D'Veda komponéiert d'Stécker a spillt am Grupp d'Gittar.

Et ass net einfach am Ufank vun enger Karriär, fir säi Stil ze fannen. D'Veda huet vill gelauschtert, vill probéiert, um Piano oder op der Gittar, ier et sech soe konnt: an déi Richtung do geet et lo weider an de Public kann erliewen, do ass eng Musekerin, déi mat Passioun hire Projet weiderbréngt.

Deen neien Album gesäit mol direkt keng Grenzen, well e flitt wäit no uewen: Deep Space Adventure: D'Veda fëllt dat Onendlecht vum Weltraum mat hirer Musek. Woubäi souwuel dat friddlecht Schwiewen zum Droe kënnt, wéi och de Chaos vun den Asteroidebunnen.

Mir si gespaant, wat d'Veda weiderhin aus hirer Museksrees an d'Onendlechkeet mat zréck op d'Äerd bréngt.