3 Joer laang huet de Museker a Produzent Sacha Hanlet am Kader vun enger Residenz an der Kulturfabrik säi Solo-Projet "Them Lights" weiderentwéckelt a perfektionéiert.

Eng produktiv Zäit, an där hien intensiv u Kompositiounen, der visueller Identitéit an och um Bünekonzept vu "Them Lights" geschafft huet. Den 30. Abrëll feiert de Museker déi grouss Finall vu senger Residenz an der Kulturfabrik. Zanter bal 20 Joer ass de Sacha Hanlet als Batteur Deel vun der Math-Rock-Band "Mutiny on the Bounty", mat där hie schonn uechter déi ganz Welt getourt ass. 2017 huet hien niewebäi säi Soloprojet "Them Lights" lancéiert. Eng Kënschtler-Residenz vun 3 Joer an der Kulturfabrik huet him net just deen ideale Kader an déi néideg Ënnerstëtzung gebueden, fir säi Projet ze professionaliséieren, ma si huet hien och vill verännert, als Mënsch, ma virop natierlech als Museker.

Vill Zäit a verschidden Etappe vun der Recherche, vum Songwriting a vum techneschen Experimentéieren hunn dem Sacha Hanlet et erméiglecht, sengem ganz eegene kënschtlereschen Ausdrock dee leschte Schlëff ze verpassen.

D'Musek vun "Them Lights" ass eng Mëschung aus Elektro-Pop mat engem klengen Touch R'n'B a vill Groove. Wéi sech dëse Projet an deene leschten dräi Joer als Ganzt entwéckelt huet, dat kann de Public lo endlech am Kader vun enger Show an der Kulturfabrik entdecken.

Rendez-vous fir déi grouss Finall vum Sacha Hanlet senger Residenz ass en Dënschdeg Owend, 30. Abrëll. An deem Kader stinn dann och elektronesch Kläng vum Napoleon Gold an Elektro-Pop / R'n'B vum Mæhila um Programm. Bei der Afterparty wäert den Twin XXA hannert dem Mëschpult stoen.

Ticketen a weider Informatiounen zum Programm vum Owend fannt Dir hei.