D'Matdeelung koum e Méindeg via Instagram an d'Spekulatiounen ëm d'Bedeitung hunn dann och net laang op sech waarde gelooss.

Rieds ass vun engem neie Wierk vum mysteriéise Street-Art-Kënschtler Banksy, dat op enger Fassad zu Kew Gardens am Weste vu London opgedaucht ass. Ze gesinn ass ee Steebock, deen op engem Virsprong balancéiert. Kleng Steng bréckelen ënnert senge Féiss. Op d'Steng ass eng Iwwerwaachungskamera geriicht. Ob dës Deel vum Konschtwierk ass, ass net kloer. Well d'Kamera an deem Wénkel fir eng Iwwerwaachung awer net vill Sënn ergëtt, kann een dovunner ausgoen.

Den Instagram-Account vum Banksy huet d'Wierk ganz ouni Kommentar gepost, ma an de Kommentaren ënnert dem Bild gëtt scho vill iwwer d'Bedeitung spekuléiert.

Ee User gesäit am Wierk zum Beispill ee Kommentar op d'Situatioun an der Gazasträif. "Meng Interpretatioun, se ka falsch sinn. Déi gefäerdet palästinensesch Bierggazell ass d'Nationaldéier vu Palästina. D'Welt kuckt no, wärend se um Bord balancéiert. Limitéiert Zäit, se ze retten." Een anere User huet eng änlech Interpretatioun, ma gesäit éischter Groussbritannien als Zentrum vum artistesche Kommentar.

Nach een aneren Notzer interpretéiert d'Wierk esou: "D'Kamera kuckt op déi falend Steng, ma net op dat, wat se fale léisst. Geesse sinn dorun adaptéiert, op klenge Virspréng ze balancéieren, also ass se net a Gefor, mee d'Vue vun der Kamera gëtt net dat ganz Bild erëm. Ech ech mengen, datt et op d'Noutwendegkeet Referenz bezitt, datt Nouvellë Kontext brauchen, ier ee sech eng Meenung bilt."

De britteschen Artist Banksy, iwwert deem seng Identitéit zanter Jore spekuléiert gëtt, ass bekannt fir seng Graffiti-Konscht mat politesch- a sozialkriteschen Inhalter. Enn Juni hat de Street-Art-Kënschtler wärend dem Lidd "Danny Nedelko" vun der brittescher Band Idles um Glastonbury Festival ee Gummiboot "crowdsurfe" gelooss, dat un ee Boot mat Flüchtlingen erënnere sollt. Souwuel d'Idles wéi warscheinlech och de Banksy si vu Bristol.