Dës Kéier mat der Schrëftstellerin Dana Grigorcea
Literaturfrënn kënne sech nees freeën – “Das Blaue Sofa” ass zréck zu Lëtzebuerg.
Scho fir d'drëtte Kéier ass de Schrëftsteller-Miwwel elo schonn am Grand-Duché, dës Kéier mat der rumänesch-schwäizerescher Schrëftstellerin Dana Grigorcea. Am Institut Pierre Werner schwätzt si iwwert hiren neie Roman, an deem si d’Fro opwërft, wat Konscht wierklech ass.
„Das Gewicht eines Vogels beim Fliegen“, sou heescht den neie Roman vum Dana Grigorcea. Mat vill Charme an Humor erzielt si hei zwou Geschichten, déi op den éischte Bléck ganz ënnerschiddlech wierken, an awer op eng ganz extra Manéier matenee verbonne sinn – sou wéi d’Liewe mat der Konscht.
Wéi ee Villchen, deen ofhiewe wëll, geet et an dësem Roman drëms, déi richteg Balance a sengem Liewen ze fannen. Mat enger eenzegaarteger Liichtegkeet erzielt Dana Grigorcea vun Theeme wéi Konscht a Léift, mä och wat et heescht eng Kënschtlerin mat Famill ze sinn.
Wie méi iwwert den Roman wësse wëll, ka sech “Das Blaue Sofa” mam Dana Grigorcea ee Méinden Owend um 19 Auer ukucke goen. Hei gëtt Schrëftstellerin vum Samuel Hamen am Institut Pierre Werner empfaang.
Op RTL.lu kënnt Dir "Das Blaue Sofa" mat der Schrëfstellerin Dana Grigorcea och vun 19 Auer un am Livestream suivéieren.