Film "Hot Milk" mat der Vicky Krieps huet Weltpremière gefeiert

© AFP
D'Vicky Krieps, gebuer 1983 zu Hesper, ass eng vun den international erfollegräichste Lëtzebuerger Schauspillerinnen.
Rezent war si ënner anerem an "The Dead Don‘t Hurt" ënnert der Regie an un der Säit vum Viggo Mortensen, an "Ingeborg Bachmann – Reise in die Wüste", a "Corsage" ze gesinn. Hir éischt grouss Filmroll war un der Säit vum Florian David Fitz an "Die Vermessung der Welt".
Aktuell ass d‘Vicky Krieps an enger vun dräi weiblechen Haaptrollen am Film "Hot Milk" ze gesinn, deen de 14. Februar op der Berlinale Weltpremière gefeiert huet. Si spillt un der Säit vum Emma Mackey a Fiona Shaw. "Hot Milk" ass de Regiedebüt vun der Rebecca Lenkiewicz a baséiert um Roman mam nämmlechte Numm aus der Fieder vum Deborah Levy. Am Zentrum vun der Geschicht stinn eng jonk Fra - gespillt vum vum Emma Mackey - an hir Mamm, verkierpert vum Fiona Shaw, déi an e spuenescht Duerf reesen. Dat an der Hoffnung, dass déi krank Mamm vun engem Schaman geheelt gëtt. D‘Vicky Krieps spillt eng fräigeeschteg Touristin, an déi sech déi jonk Fra verléift.
Hei e Link op d’Säit vun der Berlinale, wou och Fotoen a Videoen ze gesi sinn.
