Richtung22 muss Bâtiment 4 zu Esch verloossen

© Esch2022
Dat krut d'Kënschtlerkollektiv dës Woch via Bréif matgedeelt, nodeems d'Mediatioun mat der Escher Kulturassociatioun frEsch gescheitert ass.
Béid Säite streide schonn zanter enger Zäit a kommen einfach op kee gemeinsamen Nenner.
Virop sief gesot, datt Richtung22 eis keen Interview zum Sujet wollt ginn an zanter der éischter Demande e Méindeg just op hire Communiqué verwisen huet, respektiv dorop, Froe schrëftlech eranzereechen. Am Kader vun Esch2022 hat Richtung22 e Kontrakt, fir Raimlechkeeten am Bâtiment4 gratis kënnen ze notzen. Dee Kontrakt ass bis Mee 2024 gelaf. Fir frEsch goufen et awer e puer Grënn, deen dono net weider ze verlängeren, erkläert den Direkter Loïc Clairet:
"On a constaté, qu'il y a eu des dégradations sur le bâtiment, notamment dans leurs locaux, ce n'était pas toujours propre, l'espace qui était là, la kitchenette qui était en face de leur bureau, voilà, il y a eu pas mal d'éléments qu'on a constaté au fur et à mesure du temps qui nous ont poussé à prendre cette décision."
Vu Virwërf schwätzt Richtung22, déi dorop ausgeriicht wieren, si als "Vandalisten" oder “onhygienesche Grupp" duerzestellen, heescht et an hirem Schreiwes. De Loïc Clairet erkläert iwwerdeems am RTL-Interview weider, datt Richtung22 zejoert ugefrot hat, d'Raimlechkeeten nach bis Enn dës Jores weider kënnen ze notzen. Dat wier och acceptéiert ginn, allerdéngs mat der Konditioun, datt se dono aus dem Gebai ginn. Well dat awer net geschitt ass, ass een op de Wee vun der Mediatioun gaangen:
"Une médiation qui avait comme objet de trouver une date de sortie qui convenait à tout le monde. Vraiment, on a l'idée de se mettre d'accord en se disant voilà, trouvons un terrain d'entente. Et cette médiation a échoué, puisque la semaine dernière, la médiatrice sur la dernière réunion finale, Richtung22 nous a proposé de sortir en 2029, ce qui évidemment n'est pas du tout une date qui nous convient."
De Loïc Clairet versteet, datt et schwiereg ass fir e Kollektiv, en aneren Espace ze fannen an awer géif dat hei sech elo gläich iwwert e Joer zéien:
"Aujourd'hui, quand la médiation se clôture et on nous propose simplement une date de sortie en 2029, c'est quelque chose, qui n'est pas réaliste, on s'aperçoit finalement qu'il n'y a pas de terrain d'entente possible aujourd'hui et que la seule solution, elle reste celle qu'on a prise là, c'est-à-dire, de dire que ça doit s'arrêter à un moment. Et si il faut il faut faire d'autres actions."
Eppes wier kloer: bis den 30. Abrëll misst Richtung22 eraus sinn:
"Par contre, s'ils sont dans une procédure pour trouver un nouveau lieu et qu'il leur faut un mois supplémentaire, on serait pas contre finalement de les accompagner, si c'est même deux mois, mais ça dépassera pas les deux mois d'un accompagnement."
Wann ee via Bréif opgefuerdert géif ginn, d'Lieuen ze verloossen an dat gekoppelt mat enger Menace vun enger Plainte, wier en Dialog op Aenhéicht forcement net dat, wat vu frEsch gewollt wier, argumentéiert d'Kënschtlerkollektiv Richtung22 an hirem schrëftleche Statement. Vue datt si eréischt en Dënschdeg via Bréif Bescheed gesot kruten, géif een elo préiwen, ob a wéi een dogéint virgeet, heescht et nach weider vu Richtung22.