¡de película! 22ste spuenesche Filmfestival

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 14te Mäerz an dem 6ten Abrëll ginn 9 Filmer aus Spuenien a Latäinamerika gewisen. Och eng spuenesch-lëtzebuergesch Co-Produktioun as dobäi!
© Centre culturel Antonio Machado

Och fir d’Organisteuren vum spuenesche Filmfestival waren déi zwee lescht Joren eng onsécher Zäit. Mä d’Editioun 2022 steet an de Startlächer: e Méindeg 14te Mäerz gëtt fir déi offiziell Ouverture de Film “Maixabel” am Utopia gewisen. An dësem Drama vun der Realisatrice Iciar Bollain kritt d’Protagonistin Maixabel Lasa 11 Joer no der Ermuerdung vun hirem Mann duerch d’ETA eng Invitatioun fir sengem Mäerder am Prison ze begéinen.

An dëser 22ster Editioun vum spuenesche Filmfestival zu Lëtzebuerg si (bal) all Genren vertrueden: Vu Krimi (La isla Mínima) iwwer en historeschen Dokumentarfilm (España, la primera globalización) bis bei eng romantesch Comédie (Sentimental)

De kolumbianesche Film “El olvido que seremos” thematiséiert d’Relatioun tëscht engem Papp a sengem Jong virum Hannergrond vun der ganz mouvementéierter Zäit vun den 80er an 90er Joren a Kolumbien.

Am Marcel Barrena sengem Long Métrage “Mediterráneo” geet et ëm d’Flüchtlingskris am Mëttelmier.
“La boda de Rosa” erzielt d’Geschicht vun enger Fra, déi op hierem 45ste Gebuertsdag decidéiert, hiert Liewen selwer an d’Hand ze huelen.

Den Titel vun “Vivir es fácil con los ojos cerrados” ass déi wuertwiertlech Iwwersetzung vun enger Textzeil aus dem Beatles-Hit “Strawberry Fields Forever” (Living is easy with eyes closed) Dëse Roadmovie à l’espagnole (Realiséiert vum David Trueba) spillt am Joer 1966, zu enger Zäit an der den John Lennon fir d’Dréiaarbechten vum Anti-Krichs-Film “How I won the War” zu Almeria war.

Last but not least, déi spuenesch-lëtzebuergesch Co-Produktioun “Pan de limón con semillas de amapola” an der jo och den Tommy Schlesser ze gesinn ass.

Dernieft kritt de Public virun deene meeschte Filmer och nach eng Entrée a Form vun engem Court-Métrage zervéiert. Wat dergéint an dësem Joer feelt, ass e Kannerfilm. An, dëst ass e ganz bewosste Choix vun den Organisateuren, et ass och keen Horrorfilm programméiert.

Trotzdem, de Mix ass gelongen, an et misst fir jiddereen eppes dobäi sinn.

Cinémathèque

Mercredi 16 Mars à 18:30 La isla Mínima

Samedi 19 Mars à 20:00 La boda de Rosa (+ Court métrage Ferrotipos)

Mardi 22 Mars à 18:30. Vivir es fácil con los ojos cerrados

Utopia

Lundi 14 de Mars 18:30. Ouverture Maixabel (+ Court métrage A la cara)

Dimanche 27 de Mars 16 :00 Mediterráneo (+ Court métrage Distancias)

Mardi 29 Mars 18:30 España, la primera globalización (+Court métrage Lo que importa)

Vendredi 1 Avril 18:30 Pan de limón con semillas de amapola (+Court métrage Colada)

Lundi 4 Avril 18:30 El olvido que seremos (+Court métrage Cicatriz)

Mercredi 6 Avril 18:30 Sentimental (+Court métrage Vecinooo)

Fir Plazen fir d’Séancen am Utopia ze reservéieren:reservas@circulo-machado.lu.

  • Entrada regular = 8 €
  • Entrada reducida (socios Machado, estudiantes y -18) = 5 €

A fir d’Séancen an der Cinémathèque luxembourgticket.lu.

¡Os esperamos! (mir waarden op Iech!)

Back to Top
CIM LOGO