E Freidegowend stoungen déi 4 Finaliste mat grousse Staren op der Bühn. Den James huet zesumme mat Nelly Furtado a BossHoss gesongen. Nick Howard gewënnt!

Um Freidegowend ëm 20.15 Auer huet déi grouss Finale ugefaangen, géint 23.15 Auer ass dunn d'Decisioun op SAT.1 gefall ...

4 Kandidate stounge jo an der leschter Ronn vun "The Voice" an alleguer hu se dräimol duerfen optrieden: eemol eleng, eemol mat hirem Coach an eemol mat engem Weltstar ...

RTL

An d'Finale geschafft haten et jo: Michael Lane, Isabell Schmidt, Nick Howard an de Lëtzebuerger James Borges.

Alleguer mat engem Coach un hirer Säit: Nena (Isabell Schmidt), Rea Garvey (Nick Howard), Xavier Naidoo (Michael Lane) a The Boss Hoss (James Borges).

Den James hat sech jo gewënscht, mam Nelly Furtado sangen ze dierfen, an dee Wonsch ass och an Erfëllung gaangen. Dono huet en och nach mat senge Coaches, The BossHoss, gesongen a seng eege Kompositioun "Lonely" performt.

RTL

Weider grouss Nimm, déi bei der Final um Freidegowend op der Bühn stoungen: Leona Lewis, Birdy an Emeli Sandé. An de Robbie Williams.

Wat sech an den Tëschtstänn ewell ugedeit hat, gouf zum Schluss confirméiert: Den James Borges kënnt trotz ganz gudden Optrëtter op déi 4. vu 4 Plazen.

Drëtte gëtt de Michael Lane, zweet d'Isabell Schmidt an "The Voice of Germany 2012" heescht Nick Howard.

RTL

An der Show huet den James vu villen onvergiesslechen Highlighte geschwärmt - vu sengem eegene Song, vum "Herumhängen" mat BossHoss, vum Sange mam Nelly Furtado ... esou datt e sécher net enttäuscht ass iwwert seng 4. Plaz.

RTL
RTL

© SAT1 (Screenshot)

Och wann hien et net bis un déi éischt Platz gepackt huet ass de 24 Joer ale Rëmelenger awer net ze vill enttäuscht. Ëmmerhi koum hien ënner 15.000 Kandidaten op déi excellent 4. Platz. Fir hie war et eng eemoleg Erfahrung an eng grouss Éier an der Finale mat Stare wéi engem Robbie Williams oder Nelly Furtado zesummen opzetrieden.

AUDIO: James Borges houffreg op seng 4. Plaz.
James Borges ass nees zu Lëtzebuerg
Den James Borges ass haut um Findel gelandt. Geschter gouf hien 4ten bei "The Voice of Germany"
James Borges an der Finale vun The Voice
Um Virowend vun der Finale hun mer den James Borges nach emol zu Berlin besicht.
RTL

Den James ass nees heiheem.

E Samschdeg um 14.50 koum de Fliger vu Berlin un. Den James hat d'Gittar déi e vun Twigger Finger geschenkt krut derbäi. D'Rëmelenger Gemeng huet him eng Corbeille iwwerreecht.
Elo geet et a säi Stammbistrot.

E Sonndeg um 17.00 Auer ass hie bei der Christmas Parade um RTL Won an e Méindeg am 20 vir op der RTL Télé Lëtzebuerg.

AUDIO: Den James gëtt Iech Rendezvous op der Christmas Parade.
Aventure "Voice": wei huet den James et erlieft?
Mir hun den Lëtzebeurger vun der däitscher Televisiounsshow an de Stonnen virun, während an no der Finalle begleed.