
De 29. Juni ass am Trifolion op de sougenannte Kultur-Assisen iwwert de Kulturentwécklungsplang diskutéiert ginn an en Tëschebilan no 5 Joer ass gemaach ginn. De Kulturentwécklungsplang, och kuerz KEP, geet iwwer 10 Joer an huet ënner anerem als Aufgab strukturell a finanziell Defien aus dem Kultursecteur unzegoen.
Elo ass Hallefzäit an et ass een um gudde Wee vun der Professionaliséierung - an awer bleiwen ëmmer nach vill Chantieren. Wichteg wier et virun allem elo emol, e staarkt Fundament fir de Secteur ze schafen, an da kéint een an Zukunft nach weider Probleemer ugoen. Laut dem Kulturministère konnten an de leschte 5 Joer 60 Prozent vum KEP ëmgesat ginn. D’Prinzippie vum KEP si mat de Leit, déi um Terrain an an de verschidde Sparte schaffen, zesummen ze kucken, wéi een déi verschidden Defie kann ugoen.
D’Kulturministesch huet ënnerstrach, datt d’Pandemie de Planning op d’Kopp gehäit hätt. An et gouf ënnerstrach, datt et duerch d’Subventionéierungspolitik méiglech wier, d’Kultur hei am Land finanziell accessibel ze gestalten. Woubäi d’Accessibilitéit hei net just finanziell ass, well eng grouss Fro ass nach ëmmer am Raum: Wéi erreecht ee besser de Publikum?
An doriwwer hunn d’Nora Koenig (Schauspillerin, Präsidentin vun der ASPRO), de Serge Ecker (Kënschtler), den Edsun (Museker), d’Nathalie Ronvaux (Schrëftsellerin an attachée de direction Kulturfabrik) an de Steph Meyers (Direkter Rotondes), ënner anerem, diskutéiert. Et misst ee méi konkret Zäit drop verwenden, fir erauszefannen, wei ee Publikum ee mat wei enge Programmatiounen a Produktiounen uschwätze wëll. Fir wei ee Publikum gëtt produzéiert? Jidderee war sech eens, datt vill méi Vermëttlungsaarbecht an der Educatioun, um Terrain an an de Medie muss gemaach ginn. E magescht Rezept dofir gëtt et net, well d’Erausfuerderungen och hei immens héich sinn a vill verschidden Aspekter hei matspillen.
Dorënner zum Beispill eng Iwwerproduktioun, wou een zäitweis net méi weess, wou ee soll higoen, well ze vill ugebuede gëtt. Laut dem Steph Meyers kritt e Groussdeel vun der Bevëlkerung net vill vum Kultursecteur mat. Woubäi de Kultursecteur och en Deel vun der Wirtschaft ass. Et feelt un enger akademescher Ausernanersetzung mat der Kultur an konkrete Vermëttlungsstrategien.
De Fokus louch awer och op der Wichtegkeet vun de Residenzen. Artistesch Residenzen erméiglechen de Kënschtler nämlech, Zäit a Raum fir sech weider ze entfalen. Dëst wier noutwendeg fir d’Weiderentwécklung a sengem Beruff. Doniewent bidde Residenzen e séchere Kader, fir sech auszeprobéieren an och gebrauch vu sengem “Droit d’échec” ze maachen. Eppes, wat am kënschtleresche Prozess net onwichteg ass.
E weidere Punkt ass d’Remuneratioun vun den Artisten. D’ASPRO (Association luxembourgeois des Professionels du Spectacle Vivant) huet dofir e Barème ausgeschafft, fir e Mindestakommes an der Theaterzeen ze garantéieren. Wat allerdéngs och en Impakt op zukünfteg Produktioune kann hunn. Ee méiglechen Zenario wier dat, wou ee virdrun da villäicht véier Schauspiller oder Schauspillerinnen engagéiert hätt, géing een als Kulturinstitutioun aus budgetäre Grënn dann nëmmen nach 3 Schauspiller oder Schauspillerinnen engagéieren. An och an der Konscht ass dovunner geschwat ginn, datt ee souwuel fir d’Produktiounskäschten, wéi och fir säin Honoraire soll bezuelt ginn. Et dierf net dat eent oder dat anert sinn.
Am grousse Ganze war de Bilan awer relativ positiv. Jidderee war sech eens, datt vill geschitt ass an de leschte fënnef Joer. Et géing een an déi richteg Richtung vun der Professionaliséierung goen. Et wier ganz kloer eng Evolutioun do, ma et bleift awer nach Raum no uewen. D’Nora Koenig huet dovunner geschwat, datt et nach vill Schrauwe ginn, un deene muss gedréint ginn. An d’Nathalie Ronvaux huet ënnerstrach, datt Suen ouni Plang an ouni Outilen net vill bréngen.
5 nei Etablissements publics
En Donneschdeg goufen an der Chamber 5 Gesetzprojete gestëmmt, mat deene Kultur-Institutiounen aus dem konventionéierte Secteur zum Etablissement Public ginn.
Et handelt sech ëm de Stater Casino, de Muséee d’Art Moderne Grand-Duc Jean, d’Rotonden, den Théâtre National du Luxembourg TNL an dann nach Trois C-L.
Hei ginn d’Recommandatiounen aus dem Kulturentwécklungsplang ëmgesat.
All d’Projete goufe mat 56 Jo-Stëmmen ugeholl.