
Aus hirem Ëmfeld zu Paräis huet et der AFP géigeniwwer geheescht, si wier "aus Trauer" ee Joer nom Doud vun hirem Mann gestuerwen. D'Satrapi wier eng "Symbolfigur fir dat iranescht Vollek a fir d'Fraerechter", huet de franséische President Emmanuel Macron erkläert. An hirem Wierk hätt si hier Kandheet am Iran an eng universell Geschicht verwandelt.
D'Satrapi, déi am Iran gebuer gouf, huet a "Persepolis" vun hirer Jugend am Iran erzielt, vun der Islamescher Revolutioun am Joer 1979 an op d'Repressiounen, déi et duerno am Land goufen.
Mat 14 Joer war d'Satrapi vun hiren Elteren an eng Schoul op Wien geschéckt ginn, fir se virun enger Festnam wéinst hirem Widderstand géint den neien iranesche Regimm ze schützen. Si ass zäitweis zeréck op Teheran gaangen, ass awer 1994 an den Exil a Frankräich gaangen, wou si hir Karriär als Schrëftstellerin, Regisseurin a Molerin ugefaangen huet.
Fir hir Verfilmung vu "Persepolis" gouf d'Satrapi am Joer 2007 beim Filmfestival vu Cannes mam Jurypräis ausgezeechent a krut 2008 eng Oscar-Nominéierung.