D'Anise Koltz war am "10 bis 1" um Mëttwoch de Mëtteg. Froen: Christiane Kremer.

Am Mee gouf d'Lëtzebuerger Schrëftstellerin Anise Koltz mam bescht dotéierte Prix Robert Ganzo a Frankräich ausgezeechent, dobäi gouf se eng "vun de wichtegste Stëmme vun der franséischer Sprooch" genannt. Bal gläichzäiteg gouf och eng Selektioun vun hire Poèmen an der renomméierter Editioun Gallimard publizéiert.

Fir déi 88 Joer al Grande Dame vun der Lëtzebuerger Literatur ass dat eng besonnesch Éier an Unerkennung. D'Christiane Kremer huet sech mat der Anise Koltz ënnerhalen iwwer dës Auszeechnungen, awer och iwwer hiren Engagement fir Griicheland, iwwer Europa an iwwer d'Munerefer Dichterdeeg, déi se an den 60er a 70er Joren zesumme mat hirem Mann René Koltz organiséiert hat an dobäi franséisch an däitsch Auteuren zesummebruecht huet.

AUDIO: Den 10bis1 mam Anise Koltz

Ënnerstëtzen kann een d'Hëllef fir Griichenland vun der Anise Koltz mat engem Don un hir Organisatioun "Aide aux plus démunis de Grèce".

Anise Koltz
Aide aux plus démunis de Grèce
LU75 1111 3324 6748 0000