D’Cour des Comptes - de Rechnungshaff – gëtt beoptraagt, e Spezialrapport iwwert de Filmfong ze maachen.

Dat huet d'Chamber-Budgetskontrollkommissioun e Méindeg de Mëtteg eestëmmeg decidéiert.

Besser spéit wéi ni, well ëmmerhin hate Majoritéit an Oppositioun scho virun engem Joer RTL géigeniwwer gesot, datt d'Chamberkommissioun sech géing mam Sujet befaassen. Wéi wäit dëse Rapport soll goen oder wéi déif ee soll fuersche goen, géing eréischt decidéiert ginn, wann de Premier en Dënschdeg der Chamber-Mediekommissioun den Audit iwwert de Filmfong presentéiert huet.

Vun der Oppositioun kommen awer sécherlech scho ganz spezifesch Froen. D'CSV ënnersträicht, datt dem Gesetz no d'finanziell Hëllef vum Staat am Fall vun engem Benefice muss zeréckbezuelt ginn, mee dat wier déi lescht Joren net geschitt. „Dat kann u sech net sinn", sou de Felix Eischen. Den CSV-Deputéierte seet, datt 2016 nëmmen 0,1% vun de 37 Milliounen Euro Hëllef zeréckbezuelt goufen, mee op der anerer Säit hunn eng Rëtsch Produktiounsfirme Benefice gemaach oder esouguer Dividende bezuelt.

Reaktioun Felix Eischen (Filmfong)

Och déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard seet, datt een deem misst „eng Suite ginn".

Reaktioun Djuna Bernard (Filmfong)