E feministesche Podcast, eng Lëtzebuerger Webserie an en neien Titel vun enger belscher Band, déi am Juni op Lëtzebuerg soll kommen.

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

D'Lëtzebuerger Webserie "W"

Eng Lëtzebuerger Webserie mat 6 Episoden, déi ënnerschiddlech laang sinn, am Ganzen 45 Minutten.

Am Januar ass d'Serie, déi de Frédéric Zeimet konzipéiert huet, eng éischte Kéier gelaf. D'Iddi war et, datt d'Leit déi verschidde kuerz Episode moies fréi, um Wee fir op d'Aarbecht am Bus oder Zuch oder an der Mëttespaus konnte kucken. Eng Serie, bei där et ëm Entféierung geet, ëm eng Fra déi keng Erënnerungen méi huet an hir Onschold vis-à-vis vun der Police beweise muss. Vun Ufank un ass et spannend an et wëll e wëssen, wéi et virugeet.

Huet een am Ufank vum Joer all Kéiers op en neien Episod misste waarden, kann ee sech se elo och all direkt hannerteneen ukucken.

Déi 4 Acteuren sinn d'Catherine Elsen, de Jérôme Burelbach, de Frank Grotz an de Claude Faber.

Interview mam Frédéric Zeimet

De neien Titel "Halfway" vu Balthazar

D'Indie-Pop-Band Balthazar aus der Belsch soll am Juni an der Kulturfabrik zu Esch spillen.

Nodeems se hiren 4. Album "Fever" zejoert raus bruecht hunn, konnte sech d'Fans Ufank 2020 op déi nei Single "Halfway" freeën. D'Band, déi vu Ghent kënnt, stoung zejoert fir de Sonic Visions Festival nach op der Bün virun der Rockhal a soll dëst Joer fir d'Ouverture vum Francofolies Festival zu Esch den 12. Juni an der Kulturfabrik spillen.

Wien net soulaang waarde wëll, ka sech awer och hiren Optrëtt zejoert zu Paräis am "La Cigale"ulauschteren a kucken a kritt da vläicht Loscht, se och emol live ze erliewen.

Podcast mam Virgine Despentes

D'Virginie Despentes ass eng vun den erfollegräichste franséische Schrëftstellerinnen. Zum Deel, well si weess, wéi ee provozéiert.

Am Kader vum Podcast "Les couilles sur la table" vun der Journalistin Victoire Tuaillon goufe 4 Episoden mat der Schrëftstellerin a Regisseurin Virgine Despentes opgeholl, an deenen et ëm Sujete geet wéi Vergewaltegung, d'Bild vun der Fra, dem Choix Kanner ze wëllen oder och net oder wéi een Impakt de Feminismus op Filmer a Literatur huet. E Podcast, an deem 2 Fraen am Gespréich sinn, dee sech awer net just un d'Fraen adresséiert, an dofir hoffentlech och vun deem een oder anere Mann gelauschtert gëtt.

D'Virginie Despentes gouf 1994 duerch hiren éischte Roman "Baise-moi" bekannt. Aner bekannte Bicher vun der deels ëmstriddener Autorin sinn Apocalypse Bébé oder Vernon Subutex.

Den Interview mam Virgine Despentes gouf am August 2019 opgeholl.