
D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.
D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.
D’Librairien an d’Bibliothéike sinn zou.
Firwat net emol doheem am Bicherschaf kucken? Do steet bestëmmt deen een oder anere Klassiker, zum Beispill deen heiten:
“La Peste” vum Albert Camus (1947)

De franséischen Auteur Albert Camus krut ënner anerem fir dee Roman aus dem Joer 1947 de Literaturnobelpräis – an dat zu Recht.
D’Geschicht spillt zu Oran, an Algerien an de 40er Joren. Den Docteur Rieux muss no a no feststellen, datt d‘Awunner un enger mysteriéiser Longekrankheet leiden. Et stellt sech eraus, datt d’Pescht ausgebrach ass an d’Stad sech isoléiere muss.
De Camus, deen och Journalist a Philosoph war, huet an deem Roman net nëmmen eng interessant an héich aktuell Geschicht erzielt, déi op verschiddenen Interpretatiounsebenen gelies ka ginn.
Duerch d’Coronavirus-Kris ass “La Peste” 2020 nees e Bestseller ginn.
D’Muséeën hunn och hir Dieren zou an dach ginn et virtuell Weeër, fir sech déi räich Kollektiounen ukucken ze goen.

Am Nationale Konscht- a Geschichtsmusée um Fëschmaart (MNHA) si gläich véier 3D-Visitte virgesinn: Archeologie, Beaux-Arts, Arts décoratifs et Populaire an Cabinet des Médailles.
Am Beaux-Arts ass och de Beräich “Arts luxembourgeois” ze gesinn, mat Wierker vu bekannte Lëtzebuerger Kënschtler.
Eng virtuell Visite duerch d’Lëtzebuerger Konschtkollektioun am MNHA

Hie pendelt tëscht Barcelona a Lëtzebuerg, mä mat senger Musek ass hien op der ganzer Welt doheem a bekannt.
Besonnesch déi japanesch Haaptstad Tokyo huet dem Lëtzebuerger Pianist a Komponist et ugedoen. A sengem Album “Tokyo Stories” weist de Francesco Tristano, wéi hie sech hei inspiréiere léisst.
Seng Impressiounen an Emotioune verschafft hien a senger Musek a gebraucht dobäi och d’Ambiance, déi en an der Stad opgefaangen an opgeholl huet.
Am November war de Francesco Tristano an der Philharmonie an huet am RTL-Interview vu sengem Album geschwat.
De Concert vum Francesco Tristano den 28. Mäerz zu Diddeleng Opderschmelz ass ofgesot. Seng Musek kann een digital lauschteren a kafen.
D’Homepage vum Francesco Tristano
Francesco Tristano op Spotify
RTL-Artikel: Kultur fir doheem (1)
RTL-Artikel: Kultur fir doheem (2)
RTL-Artikel: Kultur fir doheem (4)