Vollen annuléiert! Hoteller eidel! An Zäite vum Coronavirus muss een doheem bleiwen an d'Vakanz ass ofgesot. An awer kann een an aner Kulturen oftauchen.

D'Offer vun internationale Serien ass iwwert déi divers Streaming-Servicer grouss genuch, fir eng Weltrees ze maachen.

Gi mer an eisem drëtten Deel op Israel, bei Beauty and the Baker.

Den Amos ass zanter 9 Joer mam Vanessa zesummen. Deen Owend, wou hatt decidéiert, hien ze froen, fir hat ze bestueden, léiert den Amos d'Noa kennen a verléift sech an hat. Mä natierlech ass dat net esou einfach, wëll hei treffen zwou komplett verschidde Welten openeen.

Den Amos ass en Immigrant aus dem Jemen, deen nach bei den Eltere wunnt a sengem Papp an der Epicerie beim bake vum Pita-Brout hëlleft, iwwerdeems d'Noa d'Duechter vun engem schwéier räiche Geschäftsmann an en internationaalt Toppmodel ass. Natierlech ginn déi zwee eng Koppel, wat net nëmmen dem Amos seng Ex, d'Vanessa, mä och dem Noa säi Manager, den Tzvika, wëlle mat alle Mëttelen verhënneren.

Dat Ganzt ass enorm witzeg gemaach, woubäi d'Komik net nëmmen vun den Niewepersonnagen, wéi dem Amos senger Famill entsteet, mä och aus de Situatiounen, déi en Abléck an déi israelesch Gesellschaft ginn, a besonnesch an d'Virurteeler, déi tëscht deene verschiddene jiddeschen Ethnie bestinn.

Wien also gäre witzeg Liebeskomödien huet, kennt hei sécher op seng Käschten.

"The Baker and the Beauty" kann e streame bei Amazon Prime, et ginn 2 Staffelen mat all Kéier 10 Episoden.

 Fannt hei déi aner Deeler aus eiser Serie