Déi eege Stuff fir e Konschtwierk ëmstellen, Freed maache mat Musek a live Optrëtter vu ganz ënnerschiddleche Kënschtler

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

10/04/2020 Kultur fir doheem (20) -

Konschtwierker nostellen

Och d'Muséeën uechtert d'Land hunn hir Diere wéinst der Corona-Kris missten zoumaachen. Ma Konscht soll a kann een awer och vun doheem aus erliewen. D'Stater Muséeën hu sech dofir un enger Challenge op de sozialen Netzwierker inspiréiert, an där et drëms geet, Konschtwierker nozestellen. "Recreate Art" huet séier internationalen Uklang fonnt, och de Rijsksmusée an de Getty Museum hu sech där Challenge ugeschloss.

D'Iddi ass et, datt d'Leit sech op den Internetsäite vun de 7 Stater Muséeë vu Museumsmile e Wierk eraussichen an da kreativ ginn a mat Objeten aus dem Haus dëst nostellen.

Hei e puer Beispiller:

RTL

De Bob Jungels huet sech un engem Wierk vum Joseph Kutter aus dem MNHA inspiréiert.

RTL

D'Foto vum Robert Morris, déi aktuell am Mudam hänkt, gouf vum Gioia Kohn nogestallt.

RTL

An dem Jean Curot säin "De Fiischen" aus dem Luxembourg City Musée gouf vum Julie Reuter re-kreéiert. D'Original, genee wéi déi nogestallte Foto kann een dann op de sozialen Netzwierker deelen an @museumsmile taggen, fir datt d'Wierk och op hire Plattforme gewise gëtt.

Zäit hunn déi meescht jo, wisou se also net notzen, fir senger Kreativitéit fräie Laf ze loossen?

Recreate Art

Musek an den Altersheemer

RTL

Och an den Altersheemer huet sech den Alldag duerch de Virus geännert. Ma och wann de Moment keng Concerte fir d'Pensionäre sinn, sollen och dës Leit e Stéck Kultur weider mat op de Wee kréien.

D'Fondatioun EME, déi eng ganz Partie musikalesch Aktivitéiten an den Altersheemer huet, well och wärend der Corona-Kris weider Freed un der Musek vermëttelen.

Dofir goung en Appell vun der Fondatioun eraus un all d'Museker, fir den eelere Leit, déi jo momentan och kee Besuch vun hire Léifste kënne kréien, mat engem klenge Video eng grouss Freed ze maachen.

De Prinzip ass ganz einfach: Museker a Musekerinne sollen e Video vu sech ophuelen an de klenge Concert der Fondatioun schécken, déi dann dofir suergen, datt dës an den Alters- a Fleegeheemer diffuséiert ginn.

Bis ewell huet de Projet scho vill Uklang bei de Museker fonnt. Matgemaach hunn ënnert anerem de Pol Belardi, de Pit Dahm oder den Daniel Balthasar. Oder och déi Jonk Artistin Hannah Ida:

Concerts contre la solitude

Donieft ginn d'Mini-Concerten all zweeten Dag um Tëleessender Apart TV um 15 Auer an an der Rediffusioun sonndes um 10 Auer iwwerdroen.

Hei fannt Dir de komplette Programm:

Live-Optrëtter vum Hariko

De Projet Hariko bitt Jonken an Artisten eng Plaz, fir zesummenzeschaffen a sech auszetauschen. Well dat awer momentan net op déi gewinnte Manéier geet, weisen déi ënnerschiddlech Kënschtler vum Hariko via Live-Optrëtter hiert Kënnen. Vu Graffiti iwwer Piano oder Molerei, sinn et ganz verschidde Beräicher aus der Konscht, déi een all Dag um 16 Auer iwwert d'Facebooksäit vum Hariko ka gesinn. Den nächste Mëttwoch zum Beispill kann een dem Kënschtler Stick nokucken, wéi hien e Graffiti am Bannenhaff vum Hariko zu Esch mécht.

Hariko

Mam Budget, deen normalerweis fir extern Intervenante virgesinn ass, kann den Hariko de Kënschtler oder Jonken, déi esou e Live-Optrëtt maachen, eng kleng Gage bezuelen, wat sécherlech net en Ersatz fir eng Ausstellung oder e Concert ass, déi ofgesot goufen, mä se awer motivéiere soll.

Bis de 25. Abrëll kann ee sech deemno den Nomëtteg all Dag ausser sonndes ee Live-Optrëtt ukucken. De Programm gëtt ëmmer méindes online gesat.