
De Jury freet sech, d’Short‐Lëscht mat de Buchtitele fir de Prix Servais 2020 ze verëffentlechen:
Mat der Short‐Lëscht wëll de Jury op d’Diversitéit an d’Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu
Lëtzebuerg hiweisen a sou zu der Promotioun vun den Auteuren an hire Wierker bei der
Lieserschaft an der medialer Ëffentlechkeet bäidroen.
De Laureat/d’Laureatin vum Prix Servais 2020 gëtt ugangs Juni annoncéiert.
De Servais-Präis gëtt zanter 1992 all Joer dediéiert an ass mat 6.000 Euro dotéiert. Zejoert krut d’Elise Schmit de Präis fir “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen”.Nieft dem Servais-Präis gëtt et de Batty Weber Präis, deen all 3 Joer decernéiert gëtt, an de nationalen Literatur-Concours.