Am Kader vu senger "Liebe-Club-Tour" sollt de Mark Forster de 26. Mee op Lëtzebuerg kommen.

Wéinst der aktueller sanitärer Kris gouf dëse Concert allerdéngs annuléiert. Elo gouf awer mam 14. Mee 2021 een neien Datum fonnt fir de Concert zu Dikrech an der aler Seeërei zu Dikrech.

Zwee Deeg dono ass iwwregens e weidere Concert vum Mark Forster, dat zu St. Vith.