Knapp 150 Leit ware bei dëser éischter Editioun vum neien alternative Museksfestival dobäi an hunn zesumme mat Kënschtler, wéi dem Maz Univerze oder Shosta bis spéit an d’Nuecht gefeiert. D’Isabelle Gillen huet mam Organisateur iwwert d’Konzept vum 404 Festival geschwat.
D’Iddi fir esou e Festival staamt vum Organisateur Yacke, deen och selwer als Museker mat senger Band Ultra World um Festival opgetrueden ass. Iwwert déi lescht Joren hätt sech zu Lëtzebuerg nees eng alternativ Musekszeen opgebaut, esou de Yacke, ma dee passende Festival hätt awer nach gefeelt. Esou ass also d’Iddi fir de 404 Festival entstanen. Dëse soll virun allem vu Leit aus der Zeen fir Leit aus der Zeen sinn, orientéiert sech awer méi breet u Fans aus der ganzer Groussregioun.
Den Numm vum Festival, 404, ass e Wuertspill tëschent dem Titel vun engem Ultra World Lidd an der Feelermeldung 404, déi een ugewise kritt, wann een um Internet op eng Säit klickt, déi et net méi gëtt, oder déi aktuell e Server-Probleem huet. Wéi den Organisateur erzielt, géife Subkulturen an der Gesellschaft oft als eng Aart Feelermeldung ugesi ginn, als eppes, wat sech vun der Norm ofgrenzt an dofir hätt dësen Numm gutt gepasst.
Och d’Kënschtler, déi um Festival am Melusina opgetruede sinn, komme net all aus Lëtzebuerg. De Maz Univerze, Ultra World an d’Blaming Emeraude zwar schonn, d’Band Shosta, déi als zweet op der Bün performe konnt allerdéngs net. Dës ass eng Däitsch dark-wave Band aus Bochum. Am grousse Ganze wier de Feedback zum Festival positiv gewiescht an et freet ee sech schonn drop eng zweet Editioun ze plangen.