Komponist vum Soundtrack ass de Lorien Testard, deen zesumme mat enger Sängerin an engem Orchester op der Bün vun der Rockhal stoung. Mir haten de Lorien Testard kuerz virum Optrëtt am Interview.
“A Painted Symphony” bedeit iwwersat “eng gemoolte Symphony”. A genee dat soll de Concert ënnert dem franséische Komponist Lorien Testard och duerstellen. D’Lidder déi hei gespillt ginn, gehéieren nämlech zu engem ganz speziellen Univers – dem Univers vu Clair Obscur: Expedition 33, engem Computer-Rollespill dat 2025 op de Marché komm ass.
D’Spill, dat sech an engem düstere Fantasy-Setting an der Zäit vun der Belle Epoque bewegt huet en enormen Erfolleg gefeiert, ma dat och wéinst der Musek déi fir d’Spill komponéiert ginn ass. De Lorien Testard ass fir säi Soundtrack fir Clair Obscur mam “Game Music Award” ausgezeechend ginn a verschidde Lidder hunn et souguer bis an d’Billbord-Charts gepackt.
Zanter dësem Joer tourt d’Museksgrupp mat “A Painted Symphony” elo duerch Europa. De Concert soll dem Public d’Méiglechkeet ginn, d’Lidder nei ze entdecken oder nei wouerzehuelen. Ganz bewosst huet sech de Lorien Testard bei der Gestaltung vun der Bün dofir géint en Ecran am Hannergrond entscheet.
“A Painted Symphony” ass e Concert, deen de Spectateur mat an eng aner Welt hëlt. Eng Fantasiewelt, déi engem ëmmer rëm de Wee vun der Donkelheet zréck an d’Liicht weist.