De Premier Luc Frieden huet déi rezent Entwécklungen am Konflikt am Noen- a Mëttleren Oste mat Virsiicht, mee positiv bewäert. De Schrëtt, deen elo geholl gouf, wier virun allem ee Signal “Richtung Waffestëllstand, Richtung Diplomatie, Richtung Fridden”. Hien huet betount, datt Lëtzebuerg an Europa ni wollten, datt de Konflikt géing eskaléieren an datt elo alles misst gemaach ginn, fir eng friddlech Léisung ze fannen.
Dobäi huet de Premier den iranesche Regime awer och kritiséiert a gesot, den Iran wier ze condamnéieren. D’Land wier eng Menace gewiescht, doduerch dass et eng Nuklearmuecht hätt wëllen opbauen. Gläichzäiteg huet hien awer ënnerstrach, datt “de Krich ni dat richtegt Mëttel” wier, fir zu sengem Zil ze kommen. Seng Hoffnung läit dofir op Verhandlungen, un deenen idealerweis och Europa, de Pakistan an aner Acteuren deelhuelen.
Et géing nach kee Grond ginn, “iwwerméisseg optimistesch” ze sinn
De Staatsminister war awer zeréckhalend, wat d’Chancë vun de weidere Gespréicher ugeet. Et wier ze fréi, fir elo schonn ze soen, ob dës Verhandlungen en Erfolleg géinge ginn. Hien huet drop higewisen, datt nach vill Onkloerheete bestinn, ënner anerem iwwer d’Ziler vun den Amerikaner an d’Fro, wien eigentlech mat wiem verhandelt. Dowéinst wier hien net iwwerméisseg optimistesch, och wann déi aktuell Entwécklung ze begréisse wier.
De Premier huet och d’Roll vun Europa relativéiert. Europa séiz net mat um Dësch a wier am Konflikt méi en Zuschauer, wärend Amerika an där Regioun eng däitlech méi staark Positioun hätt. Trotzdeem géif Europa probéieren, sech diplomatesch anzebréngen. Et hätt ee gär, dass am Iran en demokratesche Regime géing kommen. Awer och, dass d’Wafferou am Libanon respektéiert gëtt an d’Land seng territorial Integritéit kritt.
Energiepräisser falen no der Ukënnegung vun der Wafferou
Nieft der geopolitescher Situatioun huet de Luc Frieden och op déi konkret Konsequenze fir Lëtzebuerg higewisen. Hien huet erkläert, datt d’Regierung d’Situatioun an engem ausseruerdentleche Regierungsrot e Mëttwoch de Moien analyséiert hätt, besonnesch mat Bléck op d’Energiepräisser an déi ekonomesch Repercussiounen. Dobäi huet hien et begréisst, datt d’Energiepräisser duerch déi ugekënnegt Mesuren éischter falen.
Och d’Ouverture vun der Hormuz-Strooss, déi wichteg fir de Welthandel ass, hält de Premier fir zentral. Si hätt en enormen Impakt op d’Weltwirtschaft, net nëmmen op de Pëtrol, mee och op Dünger a Liewensmëttelversuergung. Fir de Luc Frieden ass dofir kloer, dass soulaang et Fridden oder op d’mannst e Waffestëllstand gëtt, den ekonomeschen Impakt méi kleng bleift.
Den Ausseminister Xavier Bettel nennt déi annoncéiert zwou Woche Wafferou tëschent den USA, Israel an dem Iran eng grouss Erliichterung, well déi lescht Wochen immens Zerstéierung, vill Leed an och wirtschaftlech Konsequenze mat sech bruecht hätten. Béid Säiten hätten zivil Ziler attackéiert an domat géint internationaalt Recht verstouss, esou de Xavier Bettel
Hien ënnersträicht, dass déi aktuell Situatioun eng ganz fragil wier. D’Wafferou géing nach laang net d’Enn vum Konflikt bedeiten, well d’Positioune vun de betraffene Säiten nach ëmmer wäit ausernee léichen.
De Lëtzebuerger Ausseminister huet da weider betount, dass et am Libanon elo séier zu enger Wafferou misst kommen, well am Endeffekt virun allem d’Zivilbevëlkerung ënnert dësem Konflikt géing leiden.
Liest dozou och: