Zu Gréiwemaacher am Pit Rhein senger Stuff steet de Lëtzebuerger Fluchhafen. De Pit huet de Findel am Miniaturformat nogebaut. Mat enger Längt vu sechs Meter an engem Moossstaf vun 1 zu 500 ass dës Maquette net nëmme säi groussen Hobby, mee et ass e richtegt Konschtwierk mat ganz villen Detailer.
Alles huet wärend der COVID-19-Pandemie ugefaangen. Zesumme mat sengem Cousin ass de Pit deemools op de Flughafe gaangen, fir Fligeren ze fotograféieren. Do gouf et eng Maschinn vun der Cargolux, déi eng Mask unhat, a si wollten dëse Fliger onbedéngt gesinn. Wat als Zäitverdreif ugefaangen huet, ass séier zu enger richteger Passioun ginn. Vun do un ass hie reegelméisseg op de Findel gefuer, huet Fotoe gemaach an och aner Plane-Spotter kennegeléiert.
Mëttlerweil gehéiert de Pit zu enger klenger, engagéierter Communautéit vu Plane-Spotter zu Lëtzebuerg. Wann hien am Land ass – hie studéiert nämlech zu Dresden – ass hien dacks véier bis fënnef Mol d’Woch um Flughafen. D’Fotografie ass dobäi nëmmen een Deel vu senger Leidenschaft, hien tauscht sech dobäi och vill mat anere Spotter aus an esouguer mat de Responsabele vum Luxairport.
De Pit huet 2023 ugefaangen, säi grousse Projet ëmzesetzen. Hien orientéiert sech dobäi un Tools wéi Google Earth oder geoportail.lu, fir all Detail esou genee wéi méiglech nozebauen – vun de Pistemarkéierunge bis bei d’Stroossen an d’Positioune vun de Gebaier. D’Fligere fir d’Maquette keeft hie meeschtens fäerdeg, och wann et net ëmmer einfach ass, Modeller vu Luxair oder Cargolux ze fannen. Dës si rar a mussen dacks als Occasioun kaaft ginn – dat kascht schonn zimmlech vill Geld.
Am Ufank huet de Pit vill mat Kartong geschafft, mee haut setzt hien och op en 3D-Printer. Mat einfache Programmer erstellt hien d’Gebai-Strukturen, déi hien dono ausdréckt, zesummesetzt a bemoolt. Zousätzlech bastelt hien awer och Fligere mam 3D-Drucker, déi setzt hien dann aus verschidde Segmenter zesummen.
Well sech de richtege Flughafe permanent ännert, bleift och d’Maquette ëmmer am Wandel. De Pit passt säi Modell reegelméisseg un a schafft aktuell um Hangar vun der Air Rescue. Trotz senger grousser Begeeschterung gesäit hie sech net am Beräich vun der Aviatioun schaffen, et ass eng Passioun an dat soll och sou bléiwen. E besonneschen Highlight: eng Foto vun der Air Force One um NATO-Sommet zu Den Haag.