En online Festival vun 8 Stonne bei deem Sue fir de gudden Zweck gesammelt goufen.

An Zäite vum "Bléif Doheem" kënne jo keng Festivaller dobausse mat villen Zuschauer organiséiert ginn. Dowéinst gouf e grousst Fest online op d'Bee gestallt. E karitativen Zweck stécht hannert dëser Iddi. D'Museker an d'Sportler si fir de gudden Zweck opgetrueden.

36 Lëtzebuerger Artisten a 17 Sportler hunn um Projet deelgeholl. Aus der Quarantaine eraus hunn déi eenzel Gruppen hir Lidder gespillt, an dobäi Jidderee schéi brav bei sech. 8 Stonnen  laang huet de Festival gedauert, vu nomëttes 16 bis Hallefnuecht. Gestreamt iwwer d'sozial Netzwierker an d'Tëlee vun der Post.