Am Abrëll d'lescht Joer huet dee jonke Museker Adriano Lopes Da Silva offiziell säi Solo-Projet CHAiLD lancéiert.

21/05/2020 Kultur "De Museker Chaild"

De Singer-Songwriter hat seng Leidenschaft fir d'Musek scho fréi entdeckt.
Am Alter vu 7 Joer huet hien ugefaange Piano ze spillen. E puer Joer méi spéit, als Teenager, huet hien seng éischte Lidder geschriwwen.

Opgewuess ass hie mat vill italieneschem Pop, inspiréiere léisst hie sech vu Pop-Ikone wéi dem Sia, dem Lana Del Rey oder dem Lady Gaga.
Déi visuell Identitéit vum CHAiLD, sief et a senge Museksvideoen oder de Büne-Visuals, ass geprägt vu senger Experimentéierfreedegkeet a sengem Hang zur Extravaganz.
A senger ganz eegener Musek kombinéiert hien deen organeschen Aspekt vum Songwriting mat atmosphäreschen an zäitgenëssesche Kläng. Dozou kënnt eng déck Portioun Melancholie:

U sech lieft a studéiert hien den Ament zu Liverpool, ma d'Corona-Kris huet de Museker awer zeréck op Lëtzebuerg bruecht. Déi vill Zäit wärend der Quarantän huet hie genotzt fir un neie Lidder ze schaffen. Vun doheem aus huet hie souguer selwer de Videoclip zu senger neister Single "Above Water" gedréint, déi iwwregens elo eraus kënnt.

Fir d'nächst op enger Lëtzebuerger Bün stoen wäert den CHAiLD viraussiichtlech réischt den 23. Oktober an dat an der Kulturfabrik zu Esch. Ma hie freet sech elo schonn drop, seng Musek nees live mam Public deelen ze kënnen.

Et dierf ee gespaant sinn, wat vum CHAiLD nach alles kënnt!

De musikaleschen Univers vum CHAiLD ass och en Thema an der Emissioun No Art on Air e Samschdeg um 19 Auer.