Mat senger elektronescher Gei huet de Chris Reitz sech schonn en Numm gemaach. Elo huet e mam Soloprojet "All Reitz Reserved" eng nei Single erausbruecht.

20/05/2020 All Reitz Reserved "Emerald Whisper" Mat Interview Chris Reitz

Vu Klengem un mécht de Chris Reitz Musek. Mat engem Papp, dee Geiebauer ass, gouf him d’Instrument quasi mat an d’Wéi geluecht. Ma mat der Zäit huet hien dunn awer den Interessi un der Gei verluer. Iergendwann ass en op déi elektronesch Gei gestouss a war direkt begeeschtert. Et kennt een de jonke Kënschtler eventuell och aus der lëtzebuergescher Band Zero Point Five, ma och mat sengem Solo-Projet All Reitz Reserved, deen hien 2013 an d’Liewe geruff huet, kann hien iwwerzeegen. Virun 3 Joer koum säin éischten Album Electric Eclectic eraus. Elo presentéiert de jonke Kënschtler eng nei Single: Emerald Whisper.

© All Reitz Reserved

D’Lidd ass an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Videograf Sam Flammang entstanen. Déi zwee Kënschtler si gutt befrënnt an d’Iddi fir en audiovisuelle Projet zesummen ze realiséiere koum elo an der Zäit vum Confinement. Si hunn sech dofir ëmmer rëm géigesäiteg Iddien an Ausschnëtter vun hirer Aarbecht geschéckt.

Am Lidd héiert een dacks Geräischer déi aus der Natur kommen. De Chris Reitz ass dofir selwer dacks an de Bësch gaangen an huet do déi verschidden Téin agefaangen. Vu Villercher, déi päifen, bis zu der Baach, déi fléisst oder Blieder, déi raschelen.

Dass den Titel elo als Single publizéiert gouf, war ufanks guer net esou geplangt. Et sollt eigentlech éischter en Zäitverdreif a klenge Projet fir sech auszetoben tëscht deenen zwee Frënn sinn, ma well si mam Schlussresultat esou zefridde waren, hunn se sech kuerzerhand ëmdecidéiert.