"Profiles" ass eng Serie mat Video-Interviewen, mat deene Komponisten an de Fokus gesat ginn, déi scho mat Lucilin geschafft hunn.

United Instruments of Luclin's "Profiles"

International a Lëtzebuerger Komponiste schwätze loossen iwwer hir Musek an hire Parcours, awer och iwwer hir Gefiller zu aneren Themen, politescher, gesellschaftlecher, perséinlecher, dat ass d'Iddi hannert dem Projet Profiles. Op dës "intim" Manéier soll een d'Iwwerleeunge verstoen, déi an der zäitgenëssescher Musek eng Plaz fannen.

D'zäitgenëssesch Musek, déi den Ensembel United Instruments of Lucilin zënter 20 Joer zu Lëtzebuerg presentéiert a promovéiert, soll op déi Manéier personaliséiert ginn an domadder e wichtige Lien zum Publikum ginn.

Zesumme mam CNA sinn elo an enger éischter Saison véier Portraiten entstanen. Deen éischte mam japanesche Komponist Toshio Osokawa ass elo schonn online op Youtube ze gesinn.

Den Toshio Osokawa verbënnt a senge Wierker zäitgenëssesch Musek mat traditionelle japanesche Kläng. 2012 hat hie Lucilin "The Raven" geschriwwen, dat deemools am Groussen Theater an der Stad opgefouert gouf an elo nach vu Lucilin awer och anere Formatioune weltwäit gespillt gëtt.

Den zweete Portrait gëtt dee vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz. Hire verspillten, jovialen a phantasievollen Univers beaflosst hir Musek, sou wéi 2014 d'Oper "Neige", déi vu Lucilin am Groussen Theater geschriwwen hat. Lucilin spillt och regelméisseg méi kleng Stécker aus hirem Repertoire.

Den drëtte Portrait ass dem franséische Komponist Philippe Manoury dediéiert, deen international bekannt ass. Seng Oper "Kein Licht" gouf ënnert der Regie vum Nicolas Steeman 20 Mol uechter Europa opgefouert a vun ARTE enregistréiert. Si gouf mam Prix Fedora fir déi innovatiivst Oper ausgezeechent.

Als véierte Portrait gëtt dee vum Lëtzebuerger Camille Kerger gewisen. Zënter Jorzéngte gehéiert hien als engagéierte Komponist a Sänger zur Lëtzebuerger Kultur-Zeen. Hie begleet den Ensemble Lucilin vun Ufank u mat senger Wierker a Kreatiounen. De Solo "Wish" fir Saxophon gehéiert zum feste Repertoire vum Orchester.

© Yves Melchior CNA

"United Instruments of Lucilin's Profiles"

La série “Profiles” est co-produite par le Centre National de l’Audiovisuel.
La réalisation est signée Jean Huot pour Skilllab
La prise de son et le mixage sont assurés par Philippe Mergen, assisté d’Yves Melchior / CNA
Les questions ont été formulées par les membres du comité artistique de Lucilin
Les interviews sont menées par Florence Martin (Lucilin)
Les extraits musicaux sont enregistrés dans le studio du CNA, interprétés par les musiciens de
United Instruments of Lucilin