Wärend dem Confinement war jo och de Kultursekter am Stëllstand. Aus dëser Zwangspaus sinn awer och innovativ Projeten entstanen.

Fir Lëtzebuerger Kënschtler eng Plattform ze bidden, besonnesch elo an der Kris, weist Esch2022 op der Escher Brillplaz d’Ausstellung "Under Construction".

De Kënschtler Paul Schumacher, alias Melting Pol, huet sech fir dës aussergewéinlech Zäit och eng ongewéinlech Konstruktioun fir d'Annexe22 ausgeduecht.
Laang konnt een vill Kulturplazen nëmme vu bausse gesinn. Bei der Annexe22 ass dat Deel vum Konzept. Och vu baussen ass een awer an der Ausstellung dran, am stännegen Opbau an Ëmbroch.

„Allgemeng, d’Mënschheet ass ëmmer am Gaangen, sech weider opzebauen a vu dass am Moment awer alles fragil ass, hunn ech déi Iddi zimmlech gutt fonnt, fir eppes ze maachen, wat duerchstellt, wéi eppes opgebaut gëtt. Mee eben ënnert enger ganz fragiler Form“

LED-Luuchten an Plexiglas ersetzen Metall a Stol. De Schäin vun engem stabille Gerüst. Am Kär ass et d’Luucht, déi dem Wierk Presenz gëtt. Vum nächsten Donneschden u kann ee sech „Under Construction“ dann och vu bannen a vun Noem ukucken.

Bei Esch2022 passt ee sech der Aktualitéit un, den Ament gëllt d’Devise „The Show must go on“.

D'Sandra Schwender, Projektmanager Esch2022:

„De Max Mertens wäert den nächste Kënschtler sinn, deen hei wäert ausstellen. An da schaffe mir natierlech och zesumme mat der Nuit de la Culture, wou mir och schonn um Plange sinn. Déi wäert am September stattfannen. Dat heescht, mir versichen awer ëmmer erëm, dass mir och Partner fannen a Cooperatiounen aginn an dass mir hei eppes Flottes op d’Bee stellen. An och fir d’Nuit de la Culture, mir plangen an hunn awer och ëmmer e Plang B, esou wéi jiddereen am Moment.“

Et ass d’Konscht vum Plang B. Fir Esch2022 géing et wéinst dem Lockdown keng Retarden ginn, heescht et. A souwéisou ass d’Kultur och am Confinement ni wierklech stoebliwwen:

De Paul Schumacher, alias Melting Pol, Kënschtler „Under Construction“:

„Ech hunn éischter profitéiert dovunner, fir e bëssen erofzekommen a mir Gedanken ze maachen, Laangzäitprojeten aus dem Tirang ze huelen an z’iwwerleeën, wéi ech déi kéint op d’Schinn setzen. An och fir un anere Projeten, déi an der Zukunft sinn, fir och un deenen ze schaffen.“

De Stëllstand gëllt eben nëmmen fir deen, deen en zouléisst.