Wien an der Lëtzebuerger Musekszeen kënneg ass an dacks op Festivaller oder Concerte geet, deem seet den Numm „Le Vibe“ vläicht schonn eppes.

"Le Vibe" am Interview

D’Band, déi 2017 gegrënnt gouf, huet leschte Wanter hiren éischten Album mam Numm „Day One“, erausbruecht. Niewebäi sinn si op alle méigleche Festivaller am Land opgetrueden. Dat war och fir dëst Joer virgesinn, ma dat ass jo leider net méiglech. Dofir hunn si awer leschten Dënschden hier nei Single „Evolutioun“ lancéiert.

Et ass eng Mëschung tëscht Reggae, Blues, Jazz a Funk. En Numm wëllen déi 7 Museker aus der Band „Le Vibe“ hirem Museksstil awer net ginn. Wou de Grupp 2017 vum Fabien Spaus a Max Duchscher gegrënnt gouf, wollte si eigentlech, dass et eng Ska-Band gëtt, ma wou déi aner 5 Memberen dobäi komm sinn, hunn si sech all zesumme séier dogéint decidéiert.
Le Vibe, dat sinn de Fabien Spaus, de Max Duchscher, de Georges Biver, den Alex Hueber, de Vincent Muller, den Tristan Vaisière an d’Tanja Prange.

© Le Vibe

Um éischten Album „Day One“ fënnt ee gréisstendeels Lidder op englesch. Ma hir nei Single „Evolution“, ass hiert éischt Lidd op Lëtzebuergesch. An och de Stil huet sech am Géigesaz zum éischten Album e wéineg verännert. D’Lidd geet nämlech éischter an d’Richtung vum Hip-Hop.

U sech war geplangt, dass d’Lidd och mat op den Album „Day One“ kënnt. Ma well et esou eegen ass an e ganz besonnesche Message eriwwerbrénge soll, wollten si et eenzel publizéieren.

Dee Message gëtt och am Videoclip, dee mat der Single erauskoum, nach eng Kéier méi kloer. Hiren Drummer, de Max Duchscher kämpft sech buerféiss duerch de Schnéi a gëtt net op. Dat heescht och wa mol méi schwéier Zäite kommen, si mir als Mënschen upassungsfäeg a ginn net op, esou d’Band zum Clip.

Grad esou wéi dat hei Lidd, hunn si nach ganz vill aner Stécker op Reserve, déi elo no a no opgeholl a publizéiert ginn. A wéi enger Form a wéini dat awer soll sinn, dat wëllen si nach net verroden.