Matzen an der Corona-Kris huet déi britesch Schrëftstellerin e gratis Buch fir Kanner am Internet publizéiert.

Domat wëll si déi jonk Lieser fir e puer Minutten oder Stonne vun der aktueller Pandemie oflenken an ënnerhalen, huet d'J.K. Rowling erkläert. Déi éischt 2 Kapitele vun "The Ickabog" goufen op der offizieller Websäit www.theickabog.com en Dënschdeg publizéiert. 34 weider Deeler sollen nach bis den 10. Juli nokommen.

Wie sech op eng Weiderféierung vum Hogwarts-Universum gefreet huet, gëtt awer enttäuscht. Mat Harry Potter huet dës Geschicht näischt ze dinn. D'Märche spillt an engem imaginäre Land. Et ass eng Geschicht iwwer Wouerecht a Mëssbrauch vu Muecht, also zäitlos Themen, déi fir all Epoch an all Land gëllen, sou d'Autorin.

D'Buch riicht sech haaptsächlech u Kanner tëscht 7 an 9 Joer, ass awer sécher och fir erwuesse Lieser eng Lektüre wäert. Am November soll d'Geschicht als Buch, Audio-Book an E-Book op Englesch a weidere Sproochen erauskommen. Den Erléis geet u Corona-Hëllefsprojeten.

Donieft kënnen d'Kanner och bei engem Concours matmaachen a Biller iwwert "The Ickabog" molen. Déi bescht Konschtwierker ginn duerno an engem Buch publizéiert.