De Verwaltungsrot vum Trifolion huet de Maxime Bender as neien Direkter vum Kultur- a Kongresszentrum zu Iechternach genannt.

De Lëtzebuerger Jazzmuseker iwwerhëlt domadder d'Successioun vum Ralf Britten op den 1. Juli. De Ralf Britten huet den Trifolion zanter der Ouverture am Joer 2007 geleet an hat am Dezember annoncéiert Enn Juni wëllen opzehalen.