A Frankräich war de Guy Bedos virun allem fir säi satireschen a politeschen Humor bekannt.

Virun allem riets Politik huet de Guy Bedos gekonnt mat sengem Witz attackéiert.

Gebuer gouf de Bedos 1934 an Algerien an ass ënnert anerem fir seng Filmer Un éléphant ça trompe énormément (1976) oder Nous irons tous au paradis (1977) bekannt gewiescht.

Hien huet sech och politesch engagéiert, dat zum Beispill op der Säit vum Jean-Luc Mélenchon oder dem Arnaud Montebourg.

Säi Jong Nicolas huet den Dout vu sengem Papp en Donnschdeg matgedeelt.