De Kënschtler Christo Wladimirow Jawaschew, Mann vum Jeanne-Claude Denat de Guillebon, ass e Sonndeg zu New York verscheet.

Doud vum Christo - Reportage Marie Gales

De bulgaresche Kënschtler Christo ass am Alter vu 84 Joer gestuerwen. Hie war virop bekannt fir spektakulär grouss Installatiounen, wou hie Beem, Brécken oder Gebaier agekleet huet.

Ënnert anerem hat hien 1995 de Berliner Reichstag komplett mat hellem Stoff agekleet. Berüümt gouf hie mam Verkleede vun der Paräisser Bréck Pont-Neuf am Joer 85.

Bis zu hirem Dout 2009 huet de Christo ëmmer mat senger Fra Jeanne-Claude zesumme geschafft. Hir Projeten hu si an der Haaptsaach doduerch finanzéiert, dass si Collagen an Zeechnungen aus der Virbereedungsphas vu gréissere Projete verkaaft hunn.

De leschte grousse Projet vum Kënschtler war d'Verkleede vum Paräisser Arc de Triomphe. Dëse soll och trotz sengem Doud am Hierscht 2021 realiséiert ginn.