
De Francis Kirps kritt de Servais-Präis 2020. Dat fir d’Wierk “Die Mutationen. 7 Geschichten & 1 Gedicht”, dat bei Hydre Éditions erauskomm ass. Fir de Lëtzebuerger Auteur, deen eréischt viru ganz kuerzer Zäit de “European Prize for Literature” fir Lëtzebuerg gewonnen hat, ass d’Éierung mam Servais-Präis eng Iwwerraschung.
An “Die Mutationen” geet den Auteur vu bekannte literaresche Virlagen aus an arrangéiert se an neier Form. Et entsti Geschichte mat ville verschiddene Schichten a vu grousser Originalitéit, déi gläichzäiteg eng intelligent an humorvoll Interpretatioun vun de Basistexter sinn.
An der Begrënnung vum Jury ënnert der Presidence vun der Jeanne Glesener gëtt ënner anerem dem Francis Kirps säin onkonventionellen Erzielstil a säi kreativen Ëmgang mat Sprooch- a Stil-Regëstere gewierdegt. An “Die Mutationen” géif et dem Francis Kirps geléngen de Lieser e Spigel virun A ze halen.
An der Shortlëscht dëst Joer waren:
De Servais-Präis gëtt zanter 1992 all Joer dediéiert an ass mat 6.000 Euro dotéiert. Zejoert krut d’Elise Schmit de Präis fir “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen”.
Nieft dem Servais-Präis gëtt et de Batty Weber Präis, deen all 3 Joer decernéiert gëtt, an den nationale Literatur-Concours.
LINK: D’Schreiwes vun der Fondation Servais