Direkt 2 Präisser huet de Schrëftsteller Francis Kirps dës Joer kritt.

Säi Buch „Die Mutationen“ ass mëttlerweil mam Europäesche Literaturpräis an d'lescht Woch mam Prix Serväis ausgezeechent ginn. Et ass e Buch, dat mat originelle Geschichten iwwerraschen an iwwerzeege konnt. D'Sarah Rock huet de Schrëftsteller a sengem Stammcafé getraff.

Vun de 5 Auteuren op der Shortlist vum Servais-Präis war de Francis Kirps en nach manner geleefege Numm. Deementspriechend iwwerrascht war hien och iwwer déi gutt d'Nouvelle.

De Schrëftsteller kënnt aus dem Poetry Slam, enger Literaturzeen, an där et ëm Spontanitéit an Originalitéit geet. A sengem Buch „Die Mutationen“ - engem Gedicht a 7 Geschichten -  hält hien déi Qualitéit. Dobäi spillt hie mat literaresche Virlagen: Virginia Woolf, Kurt Tucholsky oder Rotkäppchen sinn do just e Beispill.

De Jury vum Serväis Präis betount, dem Francis Kirps seng onkonventionell Fieder, seng ironesch Distanz an humorvoll Interpretatioune vun de bekannte Texter a Stiler. Eng Éierung, déi hie ganz bescheiden ophëlt.

Op déi offiziell Präisiwwerreechung muss en awer nach waarden, well déi ass an den Hierscht verluecht ginn.