Am Kader vum Lancement vum neie "KulturKanal", enger autonomer Plattform fir Kënschtler an Artisten, hat och d'Grande-Duchesse e kuerzen Optrëtt.

De Serge Tonnar an d'Grande-Duchesse hate sech dëser Deeg Rendez-vous um Schlass Bierg ginn, fir ee ganz besonneschen Tournage. An Zesummenaarbecht mat der Violoncellistin Annemie Osborne, déi fir déi musikalesch Begleedung zoustänneg war, an der Artistin Milla Trausch, huet d'Grande-Duchesse aus dem bekannte Lëtzebuerger Kannerbuch "D'Maus Kätti" virgelies.

Wéi op kuk.lu annoncéiert gouf, war fir e Sonndeg 28. Juni eng Iwwerraschung fir Grouss a Kleng virgesinn.

De KulturKanal ass eng autonom Plattform um Internet, déi vun Artiste gegrënnt gouf, fir aner Kënschtler z'ënnerstëtzen. Andeems e virtuelle kulturellen Uert geschaaft gëtt, kënne kënschtleresch Kreatiounen digital diffuséiert ginn an e méi grousse Public areechen. Donieft gëtt den interkulturellen Dialog stimuléiert an d'Onofhängegkeet vun den Artiste gefërdert.