Am drëtten Deel vun eiser Serie iwwert d'Weltausstellunge geet et ëm d'Expo '98 zu Lissabon. E Musterbeispill, well de Site an der portugisescher Haaptstad esou geplangt gouf, datt en och nach no de 6 Méint vun der Weltausstellung en Notzen hat a bis haut huet.

Serie Weltausstellungen (3) Musterbeispill Lissabon


E puer honnert Hektar si se an der Reegel grouss, d'Sitten op deenen d'Weltausstellungen organiséiert ginn. Allerdéngs stellt sech d'Fro, wat no de 6 Méint Expo aus deene Plazen oder Quartiere gëtt, wann déi verschidden Natiounen hir Pavillonen apaken oder ofrappen. Wéi eng Stad vun esou engem Evenement och laangfristeg profitéiere kann, dat huet Lissabon 1998 bewisen.

Wann een haut duerch de sougenannte Park vun den Natiounen trëppelt, kann ee sech kaum virstellen, datt virun der Weltausstellung 98 hei baufälleg Industrieanlagen an déi eelsten Ueleg-Raffinerie vu Portugal stoungen. De Site gouf deemools komplett sanéiert, wat an den Ae vum fréiere Journalist João Paulo Velez nëmmen duerch de fixen Datum vun der Weltausstellung sou séier méiglech war. Eng nei Metroslinn, eng nei Gare, den Ausbau vun den Autobunnen oder d'Vasco-da-Gama-Bréck si just puer Beispiller vun Infrastrukturen, déi duerch d'Weltausstellung gebaut goufen. Alles wier esou geplangt ginn, datt et och dono nach eng Funktionalitéit hätt, ënnersträicht de fréiere Journalist.

D'Teresa Barata-Salgueiro ass stättesch Geographin zu Lissabon an huet d'Transformatioun vun der Stad suivéiert. An hiren Aen ass et ëmmer wichteg, datt een net alles op een Event setzt a méi wäit an der Zäit denkt. Dat een och Gebaier huet, déi dono nach eng Funktionalitéit hunn an zum Beispill no der Expo als Musée funktionéieren. Ideal fir Stied, déi esou grouss Evenementer organiséieren, wier et, flexibel ze bleiwen. Wichteg wier et awer och, datt déi grouss Sitte vun de Weltausstellungen dono net zu Ghettoe ginn. Dofir misste se mam Zentrum vun der Stad verbonne sinn, fir datt d'Leit och dohi kommen an de Site notze kënnen an et dono net eng isoléiert Plaz ass, déi wäit vum Schoss ass.

Vasco-da-Gama Bréck / © RTL

Anescht wéi zu Sevilla 92, wou de Gros vun de Pavillonen ofgerappt an net méi gebraucht gouf, huet een zu Lissabon vun Ufank un anescht geplangt. De João Paulo Velez ënnersträicht, datt de Succès vum Quartier haut op seng vill ënnerschiddlech Funktiounen zréckzeféieren ass. Et wier hei gelongen, d'Wunnen, d'Schaffen an d'Fräizäit ze verbannen, wat dozou féiert, datt et e liewege Quartier ass, wou all Dageszäit eppes lass ass.

25.000 Leit wunnen haut am Quartier am Nordoste vun der portugisescher Haaptstad a 15.000 schaffen do. Verschiddenes gouf no 98 ëmfunktionéiert als Shoppingzenter, Büro oder Musée, ma aner Gebaier, wéi de Vasco-da-Gama-Tuerm oder den Ocenario, zéien nach haut vill Visiteuren un.

Den Aquarium, deen am Kader vun der Weltausstellung opgaangen ass, zitt nach all Joer iwwer 1 Millioun Visiteuren un a war souzesoen den Anker vum Site no der Expo98. Den Ocenario huet nëmme 15 Deeg laang seng Diere konnten zoumaachen, fir datt och weider Leit op de Site komme kënnen an deen domat um Liewe gehale konnt ginn. Nach haut gëllt en als eng vun de populäerste kulturellen Attraktiounen a Portugal.

Aner Deeler aus eiser Serie