"Mir halen zesummen"Lëtzebuerger Lidd mat dobäi beim UN-Projet "Song For World Peace"
Vertrieder fir Lëtzebuerg ass d'Kinima-Asbl, déi Projeten op d'Bee stellt, bei deene sech Leit iwwer Musek, Konscht a Sport kënnen ausdrécken.
Verëffentlecht: 21.09.20 16:09, Update: 21.09.20 16:12
De "Song for World Peace" ass en UN-Projet am Kader vum Weltfriddensdag, bei deem ee Vetrieder aus all Land ka matmaachen. Et ass kee Concours, mä eng fräiwëlleg Aktioun, fir e friddleche Message ze deelen, wéi d'Vertrieder aus Lëtzebuerg erklären.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Videoclip vu Kinima, enger jonker Lëtzebuerger Asbl gouf op verschiddene Plazen am Grand-Duché gedréint an dobäi hunn eng 50 Leit matgemaach.
Den 21. September, um Weltfriddensdag, leeft de Projet weltwäit un.
PDF: Dem Text vum Lidd