Zanter Mäerz lescht Joer sinn déi grouss an déi mi kleng Concertshale ganz zou. Nëmmen vereenzelt Concerten ënnert strikte Mesurë ware bis elo méiglech.

Mir stellen Iech 4 verschidde Café-Besëtzer vir, déi méi maache wéi Gedrénks verkafen. Et sinn déi kleng Concertsorganisateuren - d'Kultur-Caféen a Baren, déi Alternativen zu de Mainstream-Concerten ubidden.

Rocas bei der Badanstalt

Zënter November 2009 gëtt et de Café Rocas bei der Badanstalt. Den David Rocas huet zesumme mat sengem Brudder d'Iddi gehat, e Café-Theater opzemaachen, eppes, wat et deemools hei zu Lëtzebuerg nach net ginn ass. Déi kleng Bün huet déi lescht 10 Joer fir vill Diversitéit gesuergt.

„Alles, wat kënschtleresch flott war, ass Wëllkomm gewiescht an dat ass an all Genre gaangen: Expositiounen, Liesungen, Theaterstécker, Concerten an Jam Sessions."

De Rocas zeechent sech duerch seng alternativ Programmatioun aus, ma awer och duerch d'Promouvéiere vu Jonken oder onbekannten Artisten. Ëm déi 100 Leit passen an de Café – fir den David Rocas ass et komesch, säi Café elo schonn esou laang esou eidel ze gesinn.

„Ech war elo 11 Joer laang quasi ni eleng an hat ëmmer sou vill Leit ronderëm mech. Vun engem Dag op den aneren ass näischt méi do, dat ass ganz komesch."

D'Situatioun den Ament beschreift den David Rocas wéi eng ongewollte Wanterpaus.

„Mir waarden am Fong, bis datt dat heiten eriwwer ass. Ech hoffen, datt et mam Vaccin schnell viru geet. Ech hoffen, dass mir mindestens dëse Summer schaffe kënnen, well zwee Joer hannert eneen ouni ze schaffe gëtt schwéier."

D'Zäit gouf dann awer och genotzt fir de Rocas vun uewe bis ënnen ze renovéieren. De Café ass also wéi nei. Ma awer bedeit et eng zousätzlech Investitioun a Krisenzäiten – an déi staatlech Hëllefe kommen nëmme lues erbäi.

„Ech sinn iwwerzeegt, datt hei am Land vill Caféen hir Salairen net bezuele konnten. Mir sinn elo op der Limitt ukomm an elo brauche mir dréngend, datt déi Hëllefen erakommen."

All ze negativ wëll de Proprietär vum Rocas awer net an d'Zukunft kucken.

„Ech ginn dovun aus. datt mir dat schlëmmst scho gesinn hunn. Ech mengen, et kann nëmme besser ginn. Wa mir an de nächste Wochen erëm kënnen opmaachen, da wäert et bestëmmt net méi schlëmm si wei déi Restriktiounen, déi mir schonn haten an ech mengen, datt déi Restriktioune sech mat der Zäit oplackere wäerten. Ech hoffen. dass déi Zäit net ze laang dauert, mee ech probéieren, positiv ze bleiwen."

Et bleift ofzewaarden, wéini d'Caféen an d'Restauranten erëm dierfen opgoen, ma eppes ass fir den David Rocas sécher – wann d'Pandemie bis iergendwann eriwwer ass, da wäert och erëm richteg gefeiert ginn – an am léifste genau esou wéi virun der Kris.