Am Kader vun der Fête de la Musique ginn dëst Joer net manner wéi 136 Gratis-Concerten op 37 Plazen an allen Deeler vum Land gebueden.

Déi 20. Editioun dauert 11 Deeg - vum 11. bis den 21. Juni - a bitt wéi gewinnt e ganz ofwiesslungsräiche musikalesche Programm. Op deene verschiddene Bünen sti souwuel Profimuseker wéi och jonk Talenter oder méi etabléiert Kënschtler aus Lëtzebuerg oder dem Ausland. Vu Clierf iwwer Iechternach, duerch d´Stad bis op Schengen bidde si Pop, Rock, Jazz, Folk, Swing an alles, wat ee sech nach virstelle kann.

D´Fête de la Musique gouf iwwregens 1982 a Frankräich an d´Liewe geruff, an zwar vum deemolege Kulturminister. Déi éischt Editioun war den 21. Juni 1982 zu Paräis. Zanterhier ass d´Iddi dohannert, all Joer op dësem Dag Gratis-Concerten ze bidden, vu villen anere Stied an anere Länner opgegraff ginn. Antëscht gëtt d´Fest vun der Musek all Joer an iwwer 500 Stied gefeiert, zu Lëtzebuerg souguer iwwer e puer Deeg.

Zwee nei Organisateure si bei dëser Editioun mat dobäi, nieft der Gemeng Mamer och nach d´Asti. D´Museksschoul vun der Ugda organiséiert e grousse Flashmob ënnert dem Motto "Smile is contagious", dee simultan an 28 Gemengen leeft. Et däerf ee sech awer och anch op vill anere Iwwerraschunge freeën.

Um Terrain vun der Stad ginn et den 18. Juni direkt e puer Bünen, um Kierchbierg, an de Quartieren Eech, Dummeldeng, Weimeschkierch, Beggen a Millebaach an - nei dëst Joer - am Parc Mansfeld a Clausen. De Fonds Kirchberg, de Gudde Wëllen an d´Asti këmmere sech ëm de Programm. Dozou gehéiert souguer e Concert um Daach vun engem Minibus.

Zu Ettelbréck gëtt nieft engem Programm am Cape och am neien Hariko eppes gebueden, nämlech eng Biergerbün fir déi Jonk. Zu Diddeleng dauert d´Fête de la Musique déi Kéier 4 Deeg (17. bis 20. Juni). 18 Concerte gi gebueden, an der Haaptsaach steet méi rockeg Musek um Menü. Awer och Gospel a Klassik an der Kierch. Zu Keel/Téiteng steet e "Music Buzz" um Programm, bei deem ee sech vill Iwwerraschungen erwaarde kann, wou zum Beispill och d´Awunner invitéiert ginn, vun hire Fënsteren oder Balconen aus Musek ze spillen. Zu Iechternach sinn den 20. Juni ronn10 Concerte geplangt mä och musikalesch Aktivitéite wéi Karaoke. Zu Mamer sti vum 18. bis den 20, Juni ronn 20 Concerten um Programm. Ma och vill aner Gemengen hu sech eppes Besonnesches fir d´Editioun 2021 afale gelooss.

De Programm an allen Detailer fannt Dir hei.