D'Lëtzebuerger Film- an Theaterzeen trauert ëm de Jean-François Wolff, deen am Alter vun 59 Joer gestuerwen ass.

D'Art Attitudes ASBL huet en Dënschdeg den Owend den Doud vum bekannte Franséisch-Lëtzebuerger Schauspiller Jean-François Wolff matgedeelt. Hien ass 1963 zu Bréissel gebuer an zu Lëtzebuerg an d'Schoul gaangen. Éier hien d'Konscht fir sech entdeckt huet, hat de Jean-François Wolff an der Belsch en Ingenieursstudium absolvéiert.

Am Conservatoire zu Lëtzebuerg huet hien no sengem Ofschloss ënnert anerem bei der Marja-Leena Junker studéiert a gouf mam Prix de capacité geéiert. Zu sengen éischte Stécker, bei deenen hie matgespillt huet, waren "Morts sans Sépulture" vum Sartre a "Summerdram" vum Marcel Reuland.

Hien huet ë.a. an den Andy Bausch-Filmer "Club des Chômeurs"  a "Back in trouble" matgespillt, mee war och an internationale Produktiounen ze gesinn wéi bei "JCVD" mam Jean-Claude Van Damme oder "Le tout nouveau testament" vum Jaco Van Dormael an an der BBC-Serie "The Missing".

Als professionellen Theater- a Filmschauspiller huet hie Rollen op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch zu Lëtzebuerg an a Frankräich gespillt.