Den hollännesche Sänger Pierre Kartner, besser bekannt als Vader Abraham, ass am Alter vu 87 Joer gestuerwen.

Dat mellt déi hollännesch Zeitung "De Telegraaf" mam Verweis op dem Sänger säi Management.

De Pierre Kartner huet déi lescht zwee Joren komplett zeréckgezunn gefouert. Huet sech néirens méi gewisen an huet d'Ëffentlechkeet gescheit.

Bei eis war hie virun allem als Vader Abraham duerch säi Lidd "Lied der Schlümpfe" aus dem Joer 1977 bekannt.

Iwwert d'Doudesursaach gouf näischt gesot.