Fir d'éischt war et just eng Passioun, ma mëttlerweil ass d'Schrëftstellerei fir d'Isabelle Marinov zum Beruff ginn.

Elleng am Moment si méi wie 6 Projete vun der Kannerbuch-Autorin an der Maach. Dat Kannerbuch, mat deem si iwwert dat lescht Joer am meeschten Opmierksamkeet krut, heescht "De Leo an den Oktopus", eng Geschicht iwwert een autistesche Jong, deen op en Oktopus trëfft. A 6 Sprooche koum et weltwäit eraus an elo gëtt et och verfilmt.

Et ass wuel een Dram fir jiddereen, wa säin eegent Buch verfilmt gëtt. An dësem Fall éischter animéiert. De klenge Leo an den Oktopus ginn den Ament an de Studioen vu Melusine Productions zum Liewen erwächt.

Am Kannerbuch geet et dann ëm de Leo, een Jong deen Autistesch ass, an deem engem Oktopus begéint. Der Isabelle hire Jong huet selwer den Asperger Syndrom. Duerch divers Recherchen ass si op d'Verhale vun Oktopusse gefall a war direkt faszinéiert, well si eng ganz Rëtsch Eegenschafte mat autistesche Leit deelen.  Si si ganz sensibel a kënnen hir Faarf änneren, jee nodeem, wat fir eng Emotioun si hunn. D'Isabelle Marinov huet och elo selwer d'Dréibuch geschriwwen, vun deem Melusine Productions direkt iwwerzeegt waren.

Melusine Productions si bekannt dofir, Filmer ze produzéiere mat engem engagéierten Thema, wéi zum Beispill de Breadwinner, deen 2018 fir en Oscar nominéiert war oder nach de Wolfwalkers, deen lescht Joer mat an d'Course fir en Oscar gaangen ass.

"De Leo an den Oktopus" a mëttlerweil schonn 49.000 Mol verkaf ginn, fir den Animatiounsfilm muss ee sech allerdéngs nach e bësse gedëllegen, dee kënnt viraussiichtlech 2024 eraus.