De Cedric Halsdorf, besser bekannt als CDRIC, huet wärend dem éischte Lockdown ugefaange mat DJen.

DJ Serie - CDRIC

D'Iddi war et, seng Passioun fir elektronesch Musek an eppes méi Konkretes ëmzewandelen. "Ech lauschtere vill elektronesch Musek an dacks gëtt net dat gespillt, wat mir gefält. Dowéinst wollt ech se einfach selwer maachen", sou de Cedric.

Zanterhier huet sech sou munches gedoen. An der Tëschenzäit leet hien 2 bis 3 Mol am Mount op an huet och virun engem Joer en eegene Kollektiv lancéiert. De sougenannte "Moonshine Kollektiv" setzt sech zesummen aus dem Cedric, dem Pit Majerus, Alec Hilbert a Raphaël Betti. Lassgetruede gouf dat Ganzt duerch eng Iddi fir eng Party, déi si organiséiert hunn: d'"Moonshine".

RTL

© Moonshine Kollektiv

D'Inspiratioun heivir war déi sougenannte "Prohibition"-Zäit, déi sech vun 1920 bis 1933 an Amerika gezunn huet an hautdesdaags och d'nobelt Experiment genannt gëtt. Wärend 13 Joer war d'Produzéieren, Transportéieren a Verkafe vun Alkohol Landeswäit verbueden an obschonns d'Initiativ e puer positiv Aspekter mat sech bruecht huet - et gëtt zum Beispill gesot, dass d'Consommatioun vun haardem Alkohol wärend der "Prohibition" ëm ganzer 50% erofgaange war, wat vill positiv Auswierkungen op d'Gesondheet vun den Amerikaner hat - huet et och d'Leit initiéiert, illegal Alkohol ze produzéieren, verkafen a consomméieren. Deen Alkohol gouf meeschtens baussen an Nuechte gebraut, wou Vollmound war, a war dowéinst passenderweis als "Moonshine" bekannt ginn.

RTL

© LOA Esch

Fir hir "Moonshine"-Party war d'Thema also vun där Zäit inspiréiert. Nieft dem Dekor sollten d'Leit sech och am Stil vun den 1920er Joren undoen an d'Gedrénkslëscht gouf ugepasst. Bei där éischter Party gouf et zum Beispill ee Cocktail mat Whisky, Cointreau, Zitroun a Ginger Ale. Zerwéiert gouf dësen an engem Gebeessglas, well zur Zäit vun der "Prohibition", den Alkohol och dacks a Gebeessglieser verstoppt gouf.

"Fir DJe ginn et Line-Ups, dat heescht d'Leit wësse, wien wou opleet a ginn dowéinst dann dohinner. Dat wëlle mir och dem Bartender bréngen, also dass d'Leit sech soen: 'Oh, dee Bartender ass do. Ech weess dee mécht eng cool Show oder gutt Drinks, ech gi fir dee Bartender dohinner ", sou de Raphaël Betti. "De Bartender soll net méi just eng anonym Persoun sinn, déi dir däin Drink mécht, mä e soll eng richteg Perséinlechkeet kréien. Dowéinst probéiere mir och ëmmer Gäscht-Bartenders fir eis Partien z'invitéieren an hinnen esou eng Bün ze bidden, fir hir eege Kreatiounen ze maachen a sech ze presentéieren."

An der Tëschenzäit huet sech hire Repertoire u Partien diversifiéiert, obschonns d'"Moonshine" och nach ee Mol am Joer organiséiert gëtt. Donieft probéiere si awer och aner Konzepter aus. Déi nächst Party, op déi ee sech freeë kann, wäert den 21. Januar "Beim Renert" um Knuedeler sinn a "Fuchsbau" heeschen. Ticketen heivir kann een Ufanks Januar huelen.