De Festival fir musekbegeeschtert Kanner an Elteren

© guillaumit
De Festival ass all Joer e beléifte Rendez-vous. Vum 22. bis den 23. Abrëll steet hei alles am Zeechen vu Musek a Kreativitéit.
De Weekend kann een an de Rotonden erëm vun engem ëmfangräiche Programm am Kader vum "PICelectroNIC" profitéieren. Vu Spektakelen, Concerten, Audio-Installatiounen, Ciné-Concert bis hin zu enge sëllegen Atelieren. Op eng spilleresch Manéier kann een hei déi verschiddenst musikalesch Approchen entdecken an dat ënnert dem Motto: "Festival for headbanging kids and grooving parents."
Fir de Festival gëtt dann och de ganze Site vun de Rotonden esou gutt et geet genotzt fir déi verschidden Aktivitéiten. Dorënner fënnt een och de "Beauty Salon". Hei kann een säin eegene falschen Tattoo zeechnen, säi Gesiicht mat Fluor-Faarwe bemole loossen oder och nach sengem léifste Petzi e Relooking gi mam "Pimp my Doudou".
An der "Container City" kann ee Concerte lauschtere goen oder och mat de ganz klenge Kanner eng musikalesch Siesta maachen. An och d'Silent Disco, wou jiddereen d'Musek am Kopfhörer héiert, ass erëm um Programm.
De ganze Programm fir den PICelectroNIC fënnt een um Site vun de Rotonden.