
Mam Ogazón an Nosi si fir dës Editioun nees déi selwecht zwee Lëtzebuerger Artiste wéi zejoert Deel vum Tomorrowland-Lineup. Komplettéiert gëtt d'Lëtzebuerger Vertriedung duerch den Duo Netty Hugo. Dofir dass si eng zweete Kéier däerf dobäi sinn, ass déi 32 Joer aal Ogazón "immens dankbar".
Mee wéi koum et eigentlech dozou?
"Et si ganz vill verschidde Facteuren, déi do matspillen. Ech huelen un, dass ech lescht Joer e gudden Androck hannerlooss hunn. Et huet sech alles immens natierlech ugefillt, ech hat immens Spaass wärend dem Opleeën an ech mengen dat huet een och gemierkt a gesinn. De Public huet super reagéiert, ech hat wierklech d'Gefill, dass d'Leit mat mer op déi Rees gaange sinn, déi ech fir se preparéiert hat. Ech hu mech och immens gutt mam Team verstanen, all Mënsch war super frëndlech (...) Ech mengen, wann d'Energie stëmmt, de Public Spaass huet, d'Zesummenaarbecht gutt leeft, da kënnt et och einfach dozou, dass een nach emol gebucht gëtt."
Ronn 400.000 Visiteuren hat de Festival am belsche Boom déi lescht dräi Editioune gezielt. Bei der Editioun 2022 waren esouguer ronn 600.000 Leit do, woumat den Elektro-Festival als ee vun deene gréissten op der Welt zielt.
Nieft sengem éischten Optrëtt um Tomorrowland zejoert konnt d'Ogazón och bei der Wanter-Editioun "Tomorrowland Winter" an den Alpes d'Huez spillen, wat eng "immens speziell Experienz" an och "ganz aner Stëmmung wéi am Summer" gewiescht wier, mee "genee sou flott", esou d'Musekerin.
"Wat immens speziell ass zum Beispill um Tomorrowland Winter, do hunn ech matzen an engem Schnéistuerm gespillt an ech spille jo just mat Vinylen, dat heescht, all Mënsch sot: 'Nee dat wäert net méiglech sinn'. Wann een dat méiglech ka maachen, dann ass et Tomorrowland. Mir hunn et dann trotzdeem fäerdegbruecht mat Vinylen zwou Stonnen am Schnéistuerm ze spillen (...) Dat ass fir mech Tomorrowland, si kucken einfach, dass et funktionéiert."
Tomorrowland wier "einfach op engem aneren Niveau wat Produktioun an Organisatioun ugeet", esou déi Lëtzebuerger Artistin, déi vun der Professionalitéit an der Léift fir den Detail vun den Organisateure schwäermt.
Och wann d'Ogazón a Saachen Optrëtter jorelaang Erfarung matbréngt an eeben och schonn den Tomorrowland-Optrëtt vun zejoert hannert sech huet, wier eng Grëtz Opreegung viru grousse Shows trotzdeem nach do:
"Ech mengen ee vun de Grënn ass, well ech nëmme Vinyl spillen, dat heescht, ech vertrauen nëmme komplett op Technik. A Vinyl ass immens sensibel an op grousse Büne kënnen duerch Vibratiounen 'needle skips' entstoen, well et dann natierlech bësse schwiereg mécht, se propper ze mixen. Oder Feedback oder aner Problemer. Déi Suerg hat ech lescht Joer och e bëssen, mee Tomorrowland ass esou professionell opgestallt, dass dat wierklech alles perfekt gelaf ass. Dat gëtt engem dann och déi Rou an d'Selbstvertrauen, wou ee brauch, fir viru sou engem grousse Public ze spillen."
Fir dës Editioun vum Tomorrowland-Festival wëll d'Ogazón hir Songauswiel dann och liicht un de Public upassen a méi accessibel maachen. Gréisstendeels ëmmer nach déi üblech Musek wéi soss, mee net "Saachen, déi ech an engem Berliner Club um 3 Auer moies géing spillen".
Och erhofft sech d'DJ nees en änlech staarke Support aus der Heemescht, wéi si e schonn d'lescht Joer krut an iwwert dee si sech immens gefreet huet:
"Et ass ee vun deenen eenzege Festivals, wou ech lo spillen, wou ech sou vill Fändele gesinn hunn. Ech mengen dat ass och d'Identitéit vum Tomorrowland, dass mer all zesummekommen a sou weider. Dofir war dat och sou witzeg ze gesinn d'lescht Joer, dass schonn e puer Leit an der Crowd ware mat de lëtzebuergesche Fändelen, mam Roude Léiw. Dat ass natierlech ëmmer flott ze wëssen, dass ee Support vun der Heemescht kritt".