Geschäftsmann Pozzo di Borgo gestuerwen

Philippe Pozzo di Borgo am Joer 2011 / © AFP/Archiv/ABDELHAK SENNA
D'Frëndschaft mat sengem Infirmier war d'Virbild fir den erfollegräiche Film "Ziemlich beste Freunde".
Den Adelegen a Geschäftsmann Philippe Pozzo di Borgo ass dout. Wéi de Regisseur Eric Toledano der Noriichtenagence AFP e Freideg matgedeelt huet, ass den zanter dräi Joerzéngte queeschschnëttsgeläämte Pozzo di Borgo am Alter vun 72 Joer am marokkanesche Marrakesch gestuerwen.
Den Toledano war ee vun den zwee Regisseure vum Film "Ziemlich beste Freunde" ("Intouchables"). De Film war 2011 erauskomm an ass ee vun den erfollegräichste franséische Filmer vun allen Zäiten a war ënnert anerem Oscar-nominéiert.
Den Doud vum Pozzo di Borgo wier "e Schock" a géif hie ganz betraff maachen, sou den Toledano. Déi zwee wieren och nom Film a Kontakt bliwwen an hätte weider zesummegeschafft.