All Joers am Abrëll, an dat schonn zanter 17 Joer, dréint sech bei der Associatioun "Le Printemps des Poètes – Luxembourg" an hire Partner alles ëm d'Poesie.

Vum 26. bis den 28. Abrëll bréngt de Festival "Printemps des Poètes" nees 12 Poeten aus 11 verschiddene Länner op Lëtzebuerg, déi dem Public mat hire Kreatiounen déi aktuell Tendenze vun der zäitgenëssescher Dichtkonscht presentéieren. D'Motto vun dëser Editioun: "La Grâce".

D'Zil vun dësem Festival ass et, d'Poesie an hirer ganzer Formevillfalt erliefbar ze maachen an ze weisen, wéi eng Kraaft a wéi een Inspiratiounspotenzial an dëser Konscht stécht.

Och dëst Joer spillt sech de Festival nees op dräi Plazen of, am Neimënster, an der Kulturfabrik an an der Galerie Simoncini.

Dës Poeten sinn dëst Joer dobäi:

Prisca Agustoni (Schwäiz)
Petr Borkovec (Tschechesch Republik)
Luís Filipe Castro Mendes (Portugal)
Jean D’Amérique (Haïti)
Tom Hengen (Lëtzebuerg)
Aurora Luque (Spuenien)
Raquel Casas Agustí (Spuenien/Katalonien)
Franco Costantini (Italien)
Mária Ferenčuhová (Slowakei)
Marianne Jungmaier (Éisterräich)
Patrick Kaufmann (Liechtenstein)
Krisztina Tóth (Ungarn)

Nieft Liesungen a Gespréicher mat de Poete steet och Musek vum Maxime Bender / Napoleon Gold (Kulturfabrik) a vun der Beatriz Jiménez (Neimënster) um Programm.

Dee ganze Programm vum Festival fannt Dir hei.