Fiat LuxKonschthandwierker vu 27 Lëtzebuerger Artisten zu Venedeg

Sophie Becker
Zu Venedeg, der Stad vun de Kanäl, de Brécken an de Maske steet den Ament alles am Numm vun der Konscht.

Nieft der 61. Editioun vun der Konschtbiennal leeft zanter dem 1. September nach en an anert grousst kulturellt Evenement – D’Homo Faber in Città. Ënnert dem Titel "An Island of Light" ass et déi 4. Editioun vun enger Biennal, an där d’Konschthandwierk am Fokus steet. Lëtzebuerg ass dëst Joer ganz gutt vertrueden a weist an der Casa Sanlorenzo ëm déi 60 Oeuvren.

Konschthandwierker vu 27 Lëtzebuerger Artisten zu Venedeg
Zu Venedeg, der Stad vun de Kanäl, de Brécken an de Maske steet den Ament alles am Numm vun der Konscht.

Am Häerze vu Venedeg, direkt vis-à-vis vun der Basilika “Santa Maria della Salute”, weise 27 Lëtzebuerger Artisten hir Konschthandwierks-Kreatiounen. Ënnert der Organisatioun vun “De Mains de maîtres” ass d’Expo “Fiat Lux” entstanen. Ze gesi kritt een hei eng grouss Panoplie u verschidde Materialien an Techniken, déi an der Reflektioun vun de grousse Fënsteren an der immersiver Luucht reegelrecht zum Liewen erwächen.

Mat der Grënnung vun “De Mains de maîtres” 2016 huet d’Chambre des Métiers eng Vereenegung an d’Liewe geruff, déi Kënschtler aus der Handwierkskonscht ënnerstëtzen a fërdere soll. Am 2-Jores Takt gëtt et zanterdeem eng grouss Ausstellung zu Lëtzebuerg an dëst Joer feiere si zu Venedeg hiren 10. Gebuertsdag.

Déi groussherzoglech Koppel, ma virun allem d’Grande-Duchesse Stéphanie, ass eng wichteg Ënnerstëtzerin zanter der Grënnung vun "De Mains De Maîtres“ a engagéiert sech aktiv fir d’Projeten.

Iwwer déi lescht 10 Joer hunn et ronn 300 Kënschtler an d’Selektioun fir déi verschidden Ausstellunge vun "De Mains De Maîtres" a konnten hir Wierker presentéieren.

Ma och Nohaltegkeet an Upcycling ass en Thema, dat an dësen Zäite seng fest Plaz an der Konscht-, a Kulturlandschaft huet. D’Kënschtlerin Charlotte Payet schafft fir hir Wierker mat engem Material, dat mer all am Alldag benotzen a normalerweis ewechgeheien. Si mécht Skulpturen a Wandinstallatiounen aus Plastiksfläschen.

Et ass eng Première fir Lëtzebuerg, mat sou villen Artisten zu Venedeg vertrueden ze sinn. Nieft der grousser Präsenz op der Homo Faber Biennal sinn och nach d’Aline Bouvy fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale an 2 Filmproduzenten op der Mostra.

D'Expo "Fiat Lux" an der Casa Sanlorenzo leeft nach bis den 30. September. A wien nach méi iwwert déi grouss Biennalen zu Venedeg wëll gewuer ginn, ka sech am Passepartout de grousse Reportage ukucken.

Fotoe vum Lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg:

Back to Top
CIM LOGO